Radioen

On air

Notturno  |  Angelo De Augustine - Another Universe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Strukturelle Rassismus: e Sujet an de Lëtzebuerger Medien

Medien

Strukturelle Rassismus: e Sujet an de Lëtzebuerger Medien

De Mount Februar gëllt am angloamerikanesche Raum mëttlerweil als Black History Month. Zu Lëtzebuerg gëtt sech och weider mam Sujet Rassismus auserneegesat. Spezifesch d'Roll an d'Responsabilitéite vun de Medie goufe rezent ënner d'Lupp geholl. Dëst am Kader vun enger Konferenz organiséiert vum Centre de documentation sur les migrations humaines an der ASBL Finkapé.

auto_stories

4 min

De strukturelle Rassismus war an de Lëtzebuerger Medie laang Zäit kee grousse Sujet. An de leschten 2 Joer huet dat geännert, esou de Constat op der Konferenz.

Den élément déclencheur, deen d'Faass zum Iwwerlafe bruecht huet, féiert d'Antonia Ganeto vu Finkapé zeréck op den 13 November 2019, dem Daag vun der Konferenz "Being Black in Luxembourg".

"L'ensemble des médias a traité et répercuté cet évenement. Le cap a été maintenu autour de la manifestation Black Lives Matter. En favorisant le débat et en assurant son rôle de caisse de résonance, la presse a indéniablement joué et contribué à briser le tabou qui pesait sur la manière d'évoquer le racisme au Luxembourg."

De Sproochgebrauch am Lëtzebuergeschen

An enger wäisser Majoritéitsgesellschaft de Rassismus ze thematiséiere bréngt eng Réi Hürde mat sech, ugefaange mat der Komplexitéit vun den Termen. Wéi beschreift een op Lëtzebuergesch eng, wéi d'Antonia Ganeto seet, "rassiséiert" Persoun? Am franséischsproochege Raum ass riets vun "afrodescendants", an Daitschland favoriséiert een d'englesch Termen "POC" - people of colour oder "BIPOC" - Black or Indigenous people of colour. An op Lëtzebuergesch?

"Au Luxembourg on parle très rarement de 'Afrolëtzebuerger' ou 'Schwarzlëtzebuerger', je crois que les deux mots ensembles sont pratiquement pas utilisés. Cette identité nationale avec cette identité ethnique mélangée ne se fait pas encore dans la langue courante luxembourgeoise."

E Sproochgebrauch benotzen, deen net stigmatiséiert oder diskriminéiert, wier am Lëtzebuerger Journalismus awer schwiereg well et quasi keng Representativitéit vun der Black Community géif ginn, esou d'Ines Kurschat, Generalsekretärin vum Conseil de Presse.

Diversitéit an de Medieräim feelt

Wéi sollen also wäiss Journalisten iwwer eng Liewensrealitéit beriichte vun där se nëmmen am Abstrakte verstinn, wat fir nefast physesch a psychesch Konsequenzen se huet? Et riskéiert een eng problematesch Haltung ze adoptéieren, wei de Journalist Olivier Mukuna warnt:

"Dans la negrophobie structurelle qui existe en Europe, la première chose quand un afrodescendant s'exprime ou veut dénoncer ou prendre une position politique, c'est le renvoi de la paranoia, de l'exagération. 'Non, ce n'est pas comme ça'. Après il a ce biais qui peut être une interpretation un peu paternaliste du témoignage afrodescendant."

D'Medien hunn eng Flicht gesellschaftspolitesch Debaten ze féieren a virunzedreiwen, esou d'Ines Kurschat. Si seet, beim strukturelle Rassismus misst d'Medienlandschaft vu Lëtzebuerg de Problem vum Manktem un Diversitéit - op Basis vun Ethnie, Nationalitéit - erkennen an aktiv an hirer Rekrutementspolitik remediéieren.

Beispillsweis si beim ëffentlech-rechtleche radio 100,7 an der Noriichteredaktioun keng POC vertrueden.

Rassismus fest verankert

Och bräicht et e Bewosstsinn fir di méi subtil Forme vu rassistesche Reflexer. D'Ines Kurschat illustréiert mat engem rezente Beispill:

"Le reporting autour de Monica Semedo un bon exemple comment il y a encore une autre sorte de racisme dans les discours, dans les manières comment on place les sujets, comment on les traite, comment on illustre, avec quels images."

Dës méi subtil Form vu Rassismus ass nach fest a wäisse Societéite verankert. Op quantitativem Niveau huet d'Etüd "Being Black in the EU" dëst kloer beluecht. An och déi gréisser Berichterstattung, déi d'Liewensrealitéite vun der Black community ëmmer méi amplifiéiert.