Radioen

On air

Notturno  |  Paul Fox Collective - I'm Sorry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Superbia

Fräie Mikro

Superbia

Den Narzissmus, deen de Christopher Lasch Enn de 70er als wichteg Charakteristik vun eiser westlecher Kultur diagnostizéiert huet, ass e komplizéiert Phenomen. En entsteet aus gesellschaftleche Kontradiktiounen eraus a manifestéiert sech net einfach als Iwwerschätzung vum Ech, mee als e Konflikt mam Ech. Dat passt och zum Deel bei den haitege kulturellen Narzissmus, obwuel deen och schonn nei Formen ugeholl huet, mengt den Auteur a Psychoanalytiker Thierry Simonelli.

auto_stories

3 min

Thierry Simonelli

40 Joer sinn et hier, zanter den amerikaneschen Historiker Christopher Lasch säi bekanntent Buch mam Titel "The Culture of Narcissism" verëffentlecht huet.

Dem Lasch seng Grondiddi war et, datt all Gesellschaftsform hir eegen individuell Pathologien erschaaft oder favoriséiert. Esou hu sech déi gesellschaftlech Widderspréch vun der éischter Industrialiséierung an den Hysterien an Zwangsneurosen ausgedréckt, déi de Freud analyséiert huet.

Déi gesellschaftlech Widderspréch awer vun enger bürokratiséierter Welt, an där ëmmer gréisser Privatfirmen den Toun uginn, esou den Lasch, favoriséiere ganz aner Zorte vu psychesche Problemer: déi vum Narzissmus.

Déi stänneg Beschäftegung mam Ech

Den Narzisst, deen de Lasch beschreift, gesäit bal aus wéi de Contraire vum Freud senge viktorianeschen Neurotiker. Hei gëtt et keng vergläichbar sexuell Verdrängung, keng erstéckend Triebkontroll, mee ganz am Contraire: en Ausliewen a Genéissen ouni Enn, am Kader vun enger stänneger Beschäftegung mam Ech.

Eng Wirtschaft, déi wuesse soll, brauch dann och Leit - besser "Egoën" - déi net ophale sollen ze wuessen. Interessanterweis sollt déi Thees vum Narzissmus net einfach weisen, datt mir am Spéitkapitalismus ëmmer méi egozentresch goufen. De Lasch hat nämlech, ganz am Contraire, duerch seng psychoanalytesch Lektüre, scho fréi spatz kritt, dat deen Narzissmus, deen hien am A hat, eppes mam Verloscht vum Ego, oder vum Ech ze dinn hat.

De kulturellen Narzissmus bedeit, esou den Lasch, "eng Invasioun vum Ech [vum Ego] duerch sozial Kräften, déi et de Mënschen ëmmer méi schwéier mécht, erwuessen ze ginn".

Wäit ewech dovun e quasi-autisteschen Individualismus ze entwéckelen, kann dësen Narzisst net iwwerliewen ouni permanent duerch säin Ëmfeld unerkannt a confirméiert ze ginn.

Dem Lasch säin Narzisst kämpft mat der permanenter Angscht virun der eegener Eidelkeet an Onbedeitsamkeet, déi en nëmme mat enger endloser Demonstratioun vu kulturell a sozial unerkannte Leeschtunge bekämpfe kann.

Konformisteschen Individualismus

Dat mécht dann och, datt dës Zort Individualismus, trotz sengem Kampf fir Selbstverwierklechung a Selbstentwécklung, ëmmer strikt konformistesch bleift.

E bleift konformistesch, well e sech u sozial an domat letztendlech och kommerziell accaparéierten Ausdrocksforme vun Individualismus stäipe muss fir Unerkennung ze kréien. Dofir ass dëse konformisteschen Individualismus genee de Contraire vun deem, fir wat e sech ausgëtt: e funktionéiert als e gedankenlost Verënnerleche vum Gruppenzwang.

Et ass erstaunlech, wéi gutt sech deen Diagnostik och no 40 Joer hale léisst, obwuel de Lasch den Zäitalter vun der zwanghafter Selbstoptimiséierung a vum allgemengen "Impression Management" op de soziale Medien, an am Alldag, net méi kannt huet.

Nei Zich vum Narzissmus

Vum grousse populistesche Politiker, fir deen d'Realitéit ëmmer just deem entsprécht, wat him grad passt, bis zum einfachste Facebook-Benotzer, deem jidderzäit d'Recht zur universaler Gëltegkeet vun der eegener Meenung zousteet, schéngt den haitegen Narzissmus awer och nei Zich ugeholl ze hunn.

Déi Entwécklung, kënnt een denken, mécht, datt de Konflikt tëschent Ego-Verloscht an Ego-Iwwersteigerung sech an d'Richtung vun engem realitéitsfriemen, imaginäre "grandiose Selbst" op der enger Säit, an enger kompletter gesellschaftlecher Ohnmacht op der anerer Säit, verschäerft huet.

An an dëser radikaler Spannung fënnt een dann och déi psychologesch Viraussetzunge fir déi nei Forme vu selbstgerechten Autoritarismus, déi déi haiteg Kultur vum Narzissmus charakteriséieren.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.