Op d'mannst fir zwou Woche wier assuréiert, datt d'Regaler kéinte gefëllt ginn. Duerno misst ee kucken, wéi d'Liwwerchaînen an d'Produktioun sech entwéckelen - mee dofir wier et elo nach ze fréi, esou den Nicolas Henckes. Eenzel Supermarchéen hätten de Verkaf vu verschiddene Produiten, wéi Desinfektiounsmëttel, pro Akaf limitéiert, fir iwwerdriwwen Hamsterakeef ze evitéieren. D'Recommandatioun un d'Leit wier fir normal anzekafen, eventuell awer manner dacks.
Fir d'Liwwere vun Akeef bei vulnerabel Leit Heem verstäerkt unzebidden, géifen nach Gespréicher lafen, ënnert anerem och mam Minister fir de Mëttelstand Lex Delles. "Mir schaffen u Solutiounen", esou den Nicolas Henckes.
Update:
De CACTUS deelt an engem Communiqué mat, datt een zënter dem 12. Mäerz schonn eng verstäerkt Demande verzeechne géif, déi fir verschidden Artikelen a verschiddene Marchéen zu rupture de stock gefouert hätten. Weider heescht et am Communiqué:
"Nous disposons d'un approvisionnement performant avec des circuits courts depuis nos 3 dépôts à Windhof, Capellen et Bertrange qui nous permettront d'adapter notre approvisionnement en conséquence et d'augmenter la fréquence de livraison si nécessaire."