Deposéiert huet de Sven Clement e Recours als Deputéierten an en zweete Recours vun der Sensibilité politique "Piraten". D'Deputéierten hätten d'Recht dës Dokumenter ze gesinn, esou de Sven Clement op eis Nofro hin.
Bis elo hätt awer nach ni een Deputéierten d'Regierung wéinst esou engem Fall verklot: deemno wier een an engem Vide juridique. "Wann den zweete Pouvoir dem éischte Pouvoir eppes net wëllt ginn, da muss den drëtte Pouvoir tranchéieren", esou den Deputéierte vun der Piratepartei.
De Sven Clement hat de leschte Mount annoncéiert um Verwaltungsgeriicht wëllen ze kloe fir de ganze Konzessiounsvertrag tëschent der Regierung an RTL gewisen ze kréien.