"Et schéngt wéi wann d'Problematik vu falsche Covid-Certificaten eng Masseproblematik wier, déi queesch duerch all Gesellschaftsschichte geet" seet den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement.
Hien huet Ufank vun dëser Woch een Dokter un de Parquet gemellt, dee falsifizéiert Covid-Certificaten soll ausgestallt hunn.
Hien hätt Kenntnis vu Fäll kritt, bei deene Leit anscheinend eng Sprëtz gesat kruten, awer keen Impfstoff soll dra gewiescht sinn, huet den Deputéierten haut op Nofro vum radio 100,7 erkläert. Et wier elo um Parquet z'ermëttelen, esou de Sven Clement weider.
Hien hätt dës Fall iwwer déi sozial Netzwierker zougedroe kritt. An hien hätt selwer gesinn, datt Leit sech mat falschen Certificaten op de sozialen Netzwierker gebretzt hätten.
Dëst wier no Meenung vum Deputéierten e Verhalen, dat - "grad an dësen Zäiten" - net ze toleréiere wier. De Sven Clement hat gëschter op Twitter matgedeelt, datt hien een Dokter un de Parquet gemellt hat.