Ënnert de Persounen, mat deenen d’Kommissiounsmemberen net konnte schwätzen, sinn d'Affekoten Albert Wildgen an Alain Steichen an de fréieren Affekot an aktuelle Staatssekretär Guy Arendt, esou de Sven Giegold.
Et wier net un der Lëtzebuerger Regierung fir z'intervenéieren a fir déi verschidden Acteuren dozou opzefuerderen, virun d'Enquêtëkommissioun ze trieden, sot de Finanzminister Pierre Gramegna d'lescht Woch. De Sven Giegold, finanzpolitesche Spriecher vun deene Gréngen am Europaparlament a Member vun der Enquêtëkommissioun ass do awer ganz anerer Meenung.
Et hätt een d'Regierung ëm Hëllef gefrot, fir méi Acteuren dozou ze kréien auszesoen. Elo wier kloer, firwat bal kee sech gemellt hätt. D'Regierung hätt deene Leit dovunner ofgeroden, mat der Panama-Kommissioun ze schwätzen, an dat obschonn si no europäeschem Recht verflicht wier mat Enquêtëkommissioune vum europäesche Parlament ze kooperéieren.
E Verstouss géint EU-Recht
De radio 100,7 hat e Freideg gemellt, datt de Finanzministère op d'mannst engem Geschäftsaffekot ofgeroden hat, an der Enquêtëkommissioun auszesoen. Déi deementspriechend Email läit eis vir. De Ministère huet dem Affekot geschriwwen, datt et besser wier, net an d'Panama-Kommissioun ze goen.
Esou eppes wier nach ni virkomm, betount de Sven Giegold. Dat kréich ganz sécher nach e Nospill. Hien erwaart sech elo Hëllef vun der Regierung fir endlech mat all den Acteuren op der Lëtzebuerger Finanzplaz kënnen zesummen ze kommen a Kloerheet ze schafen.
De finanzpolitesche Spriecher vun der europäescher grénger Fraktioun géif sech wënschen, datt elo och déi Lëtzebuerger Deputéiert hir Roll an dësem Kontext iwwerhuelen. D'Regierung hätt hei géint europäescht Recht gehandelt a misst Ried an Äntwert stoen.
D'Europa-Parlament dierft net acceptéieren, datt e groussen Deel vun deenen Entreprisen, déi fir Geldwäsch a Steierhannerzéiung responsabel wieren, net kéinte gehéiert ginn. Wie sech net géif traue mat der Kommissioun ze schwätzen, géif den Androck maachen, eppes ze verstoppen ze hunn. Forcéiere kann déi europäesch Enquêtëkommissioun awer keen.