Radioen

On air

Notturno  |  Jonathan Wilson - Marzipan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Symbol vun der nationaler Identitéit"

Nationalbibliothéik

"Symbol vun der nationaler Identitéit"

Wëssen an alle Schichte vun der Gesellschaft fërderen. Dat wier een Zil vun der Nationalbibliothéik, seet d'Direktesch Monique Kieffer. Duerch dat neit Gebai um Kierchbierg soll d'BNL méi visibel ginn.

auto_stories

3 min

Monique Kieffer, d'Direktesch vun der BNL

D'Nationalbibliothéik soll vum Summer un an dat neit Gebai op der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg plënneren. Enn des Joers sollen d'Raimlechkeete fir de Public opgoen, seet d'Monique Kieffer, Direktesch vun der BNL.

Et wier wichteg, datt eng Institutioun wéi d'Nationalbibliothéik an der Haaptstad wier. Et hätt dann och ni zur Debatt gestanen, fir d'Nationalbibliothéik op de Campus vun der Uni zu Esch-Belval ze plënneren. Dat hätt der BNL-Direktesch no e falscht Signal vermëttelt. Et wier een haut an enger Wëssensgesellschaft.

"Ech soen nëmmen ee Stéchwuert - Formation permanente. Dat gëtt ëmmer méi wichteg. A wann een elo déi gréisste Bibliothéik vu Lëtzebuerg op Belval gesat hätt, hätt dat geheescht: 'Eng Bibliothéik ass just do fir Studenten a Fuerscher'. Dat ass net de Fall."

Ronn ee Véierels vun de 84.000 Visiteuren vun der BNL d'lescht Joer ware Studenten aus dem In- an Ausland.

Wonsch fir méi Lëtzebuerger Notzer

D'Lëtzebuerger hätte manner d'Tendenz an d'Nationalbibliothéik ze goen, wéi dat am Ausland de Fall wier, esou nach d'Monique Kieffer. Manner wéi d'Hallschecht vun den ageschriwwenen Notzer hätten d'Lëtzebuerger Nationalitéit. An hiren Ae sollten d'Lëtzebuerger d'Nationalbibliothéik méi notzen. Mä d'Bibliothéike wieren hei am Land laang vernoléissegt ginn. "Si hate keng Visibilitéit. Si waren net modern genuch an doduerch ass d'Potential, wat si hunn, net gesi ginn."

Digitaliséierung vum Patrimoine

D'BNL hätt d'Missioun de Luxemburgensia Contenu anzesammelen. Also alles, wat iwwert de Grand-Duché, vu Lëtzebuerger Auteuren oder zu Lëtzebuerg publizéiert gëtt. Dëse Patrimoine wier iwwert déi lescht Joren digitaliséiert ginn - dee Prozess wier awer nach net ofgeschloss. "Do wiere mir och nach e bësse méi wäit, wa mir méi Ressourcen hätten."

Duerch déi nei Funktiounen a viraussiichtlech erweidert Ëffnungszäite bräicht d'BNL méi Personal. D'Nationalbibliothéik hätt den Ament dräi vun am Ganzen 20 geplangte Poste bäikritt. Déi Zuel wier vergläichbar mat Personal-Dotatioune vu Bibliothéike am Ausland, seet d'Monique Kieffer.

Et géif hei am Land u Kandidate feelen, déi dat néidegt Beruffsprofil hätten. D'Nationalbibliothéik wier déi national Dokumentatiouns-Plattform, mä si géif och d'elektronesch Systemer vun den anere Bibliothéike geréieren.

"Dat ass net nëmmen Informatik, do kënnt och dann d'Gestion documentaire dobäi, an do brauch ee scho ganz speziell Beruffsprofiller. Do hu mir Schwieregkeeten, déi richteg Leit ze fannen. An et kënnt dacks vir, datt mir d'Plazen zwee- an dräimol ausgeschriwwen hunn, ier mir da fündeg gi sinn."

Ze grouss Exigenzen?

De Profil vum Bibliothecaire hätt radikal geännert - d'Leit missten ënnert anerem wéinst der Digitalisatioun hautdesdaags méi breet opgestallt sinn. "Déi Leit, déi zum personnel d'encadrement dirigeant an der Bibliothéik haut gehéieren, hunn an der Reegel zwee Diplomer oder Beruffserfahrung baussent der Bibliothéik." Déi grouss Exigenzen hätten de Recrutementer uganks am Wee gestanen, seet d'BNL-Direktesch. Duerch d'Digitalisatioun wier de Beruff vum Bibliothecaire awer och erëm méi interessant ginn.