Chamberwalen 2023 Syvicol: 36 Propose fir déi nächst Legislaturperiod

De Syvicol fuerdert, datt d'Regierung d'Gemengen als Partner soll ugesinn. De Gemengesyndikat huet en vue vun de Chamberwale 36 Propose fir déi nächst Legislaturperiod op den Dësch geluecht.

Marlène Clement / cbi

Gemengenhaus Diddeleng
Symbolbild Gemengenhaus. Foto: André Weisgerber

De Gemengesyndikat fuerdert eng systematesch a formaliséiert Consultatioun, déi institutionaliséiert misst ginn, seet de Syvicol-President Emile Eicher.

D'Gemenge méi an d'Boot huelen

Den CSV-Député-Maire vu Klierf wënscht sech sech, datt d'Gemenge bei alle wichtegen Decisiounen, déi d'Gemenge betreffen, fir Avis gefrot ginn.

Déi Decisioune sollen am Partenariat ëmgesat ginn, esou d'Fuerderung vum Syvicol. Dat wier bei der Pandemie scho gutt gelongen.

"Ganz dacks gi mir fir een Avis gefrot, mee bei der Ëmsetzung si mer dann net méi derbäi."

Subventiounen an Investitiounen upassen

Och d'Missioune vun de Gemengen an de Finanzement vun dëse Missioune si en Theema fir de Syvicol. Den Emile Eicher fuerdert en eenheetleche Subventiouns- an Investitiounssystem. All dës Subventioune missten "an der Substanz" d'selwecht behandelt ginn.

D'Subventioune sollen un d'Präisser vun haut, an net déi vu virun 20 Joer adaptéiert sinn. De Syvicol fuerdert "Plaffongen ofschafen, déi kee Sënn maachen".

Méi Autonomie a Formatiounen

D'Gemenge wënsche sech och méi Autonomie. Si fuerderen ënner anerem net-affektéiert Fongen, also Gelder vum Staat, déi net fir eng präzis, mee fir generell Missioune kënne benotzt ginn.

Esou kéint een op lokal Begebenheete reagéieren, sou d'Vertrieder vum Gemengesyndikat.

Eng méi grouss Autonomie géif awer och méi Responsabilitéit bedeiten. Dofir misst een - wéi schonn d'lescht Joer an enger Prise de position vum Syvicol gefuerdert - eng Professionaliséierung vum Statut vum Elu communal ausschaffen.

Op Gemengenniveau misst ee sech nämlech mat ëmmer méi Gesetzer ausernee setzen, erkläert den Dan Biancalana, Vizepresident vum Syvicol. Fir de sozialisteschen Député-Maire vun Diddeleng si Formatiounen deemno wichteg: esou kéint ee säi Mandat mat deem néidegen a beschte Wëssen a Gewëssen ausüben.

Wichteg wier awer och, datt d'Mandatairen iwwer hir sozial Ofsécherung Bescheed wëssen, wéi zum Beispill d'Pensiounsrechter an d'Cotisation sociale.

Konkret Proposen

Weider hätt de Syvicol gär, datt d'Recettë vun der geplangter neier Spekulatiounssteier op eidele Wunnengen an Terrainen de Gemengen zegutt kommen an net dem Staat.

Aner konkret Propose sinn d'Aféierung vun enger Gemengechamber, souwéi d'Limitatioun vun der Responsabilitéit, wann et ëm d'Sécherheet an de Schoule geet.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Marlène Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Taina Bofferding
Deel-Reform

D'Gemengepolitik soll méi attraktiv gemaach ginn - dat iwwer de Wee vun enger weiderer Deel-Reform vum Gemengegesetz. D'Inneministesch Taina Bofferding huet de Moien den Text dofir presentéiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen