Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Syvicol fuerdert staatlech Berodung fir Energieverbauch bei de Gemengen ze reduzéieren

Energie aspueren

Syvicol fuerdert staatlech Berodung fir Energieverbauch bei de Gemengen ze reduzéieren

D'Präisdeierecht am Beräich vun der Energie trëfft och ëffentlech Träger wéi Gemengen. Grad ewéi Privatleit mussen och si sech iwwerleeën, wéi se Energie aspueren an doduerch gläichzäiteg Käschte reduzéiere kënnen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Gemenge kéinten duerchaus mam gudde Beispill virgoen, fënnt den President vum Syvicol. Dat wier och schonns deelweis de Fall, sou den Emile Eicher. Verschidde Gemengen hätten zum Beispill schonn annoncéiert hir Piscinnen éischter zouzemaachen oder se net méi ze hëtzen. Verschiddener wéilten an Zukunft eng Partie Gebaier manner beheizen an esou mann weéi méiglech notzen.

Weider Pisten déi d'Gemengen hätte fir Energie ze spuere wiere Beliichtunge vu Gebaier a Monumenter oder och Stroossebeliichtungen ze reduzéieren.

Dës Mesurë kéinte mam Klimapakt anenee gräifen, mengt de Syvicol-President. Haaptsaach wier, datt d'Gemenge sech elo dës Gedanke géife maachen an och direkt mat hiren Techniker géife kucken, wéi eng Mesuren an a wéi engen Delaien dat iwwerhaapt machbar wieren.

15 Prozent Aspuerung si machbar

Den Energieministère hätt versprach am September eng Partie Propositioune fir Energie ze spuere virzeleeën. Den Emile Eicher fuerdert dofir, datt den Energieministère Beroder bei d'Gemenge schéckt fir se ze ënnerstëtzen an déi Virschléi maachen, déi an der Praxis ëmzesetze wieren.

Mat guddem Wëllen, Mënscheverstand a Kooperatioun wieren déi vun der EU gefuerdert 15 Prozent Reduktioun beim Energieverbrauch duerchaus erreechbar, seet den Emile Eicher.

D'Käschtenexplosioun ass e Probleem

De President vum Syvicol gesäit de Probleem éischter bei der Inflatioun. Och d'Gemengen hätte Probleemer fir ëmmer méi deier Energiekäschten ze bezuelen.

Dofir misst de Staat seng finanziell Engagementer vis-à-vis vun de Gemengen awer op Basis vun der Realitéit vun de Marchéen halen, esou nach den Emile Eicher vum Syvicol. Dat géing bedeiten ënnert anerem verschidden a sengen A realitéitsfriem Plaffongen of ze schafen - op Basis vun deenen den Ament Subventioune géife verdeelt ginn.