Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Immy Owusu - What A Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Syvicol: Gemenge solle bis 6.000 Awunner am Majorzsystem bleiwen

Politesch Reaktiounen

Syvicol: Gemenge solle bis 6.000 Awunner am Majorzsystem bleiwen

D'Reaktioune vun de grousse Parteien op déi rezent Propos vum Syvicol, fir de Majorzsystem a Gemenge bis 6.000 Awunner ze applizéieren, si gemëscht. Bis elo gëllt de Majorzsystem, no deem eenzel Leit amplaz vu Partei-Lëschte gewielt ginn, nëmmen a Gemenge mat enger Awunnerzuel vu maximal 3.000.

auto_stories

3 min

De leschte Méindeg op enger Pressekonferenz huet de Syvicol argumentéiert, datt d'Parteien a ville méi klenge Gemenge Schwieregkeeten hätten, hir Lëschten ze fëllen, an datt d'Leit sech éischter géife politesch an hirer Gemeng engagéieren, wa si net missten zu enger Partei Faarf bekennen.

Dofir proposéiert de Syvicol, datt d'Gemengen eréischt ab 6.000 Awunner an de Proporzsystem sollte wiesselen.

Aktuelle Stand

Den Ament si 46 Gemengen hei am Land am Proporz- an 56 am Majorzsystem.

Bei de Gemengewalen d'nächst Joer wäerten zéng Gemenge vum Majorzsystem an de Proporzsystem wiesselen, krute mir op Nofro aus dem Inneministère confirméiert: véier Fusiounsgemengen a sechs Gemengen, déi op de Stéchdatum vum 30. September dëst Joer iwwer de Seuil vun 3.000 Awunner geklomme waren.

Wann déi Grenz op 6.000 Awunner géif eropgesat ginn, wiere méi Gemengen am Majorzsystem wéi am Proporzsystem.

CSV: Nach keng definitiv Meenung

Den CSV-Parteipresident kann dem Syvicol seng Argumentatioun novollzéien. De Claude Wiseler gëtt ze bedenken, datt déi reell Zuel u Wieler vill méi kleng ass, wann een d'Kanner an d'Auslänner ofrechent, vun deenen der leider nach ëmmer net vill vun hirem Walrecht géife Gebrauch maachen.

Hie kéint d'Propos also verstoen, mee d'CSV hätt nach keng definitiv Meenung dozou, esou de Claude Wiseler:

"[...] mir wäerten awer de Kontakt mam Syvicol elo kuerzfristeg sichen, fir eng länger Diskussioun mat hinnen ze féieren an eis mat hiren Argumenter auserneen ze setzen. An da wäert dat sécherlech an der Erschaffung vun eisem Walprogramm eng Diskussioun ginn."

DP: Manktem un Engagement an der Populatioun ass e Problem

Haaptgrond fir dës Situatioun ass souwuel fir de Claude Wiseler, awer och fir den DP-Parteipresident Claude Lamberty de Manktem u Bereetschaft an der Populatioun, fir sech nach an der Gesellschaft fir eppes ze engagéieren.

Esou seet de Claude Lamberty, et hätt eppes domat ze dinn, wéi d'Leit bereet wiere fir Zäit an hir Gesellschaft, hiert Ëmfeld an hir Gemeng ze investéieren:

"An dat ass fir mech eppes wou mir mussen zesumme kucken, all Parteien, wéi kréie mir Leit motivéiert, a wéi kënne mir de Kader esou gestalten, datt si Zäit hunn, fir sech ze engagéieren. Ech mengen datt et net global domat ze dinn huet, fir sech wierklech ze engagéieren an enger Partei."

Déi gréng: Defi géif trotz Ännerung bestoe bleiwen

Déi gréng wieren net ofgeneigt, fir iwwer en Eropsetze vun der Grenz fir den Iwwergang an de Proporzsystem ze diskutéieren. Allerdéngs géif een d'Problemer domat net léisen, mengt d'Parteipresidentin Djuna Bernard.

D'Gemenge géife sech schwéier doen, mam politesche Kulturwiessel, deen dëse Changement mat sech bréngt, esou d'Djuna Bernard:

"Als politesch Partei si mir natierlech alleguerten domat konfrontéiert, datt dee Moment wou de System wiesselt, et drëm geet eng Lokalsektioun opzebauen, eng Lëscht opzebauen, an datt dee politesche Wiessel och an der Kultur keen einfachen ass. De Proporz- an de Majorsystem funktionéieren einfach ënnerschiddlech. Mir mengen awer trotzdeem, och wann een duerno bei 6.000 de Switch eriwwer mécht, bleift den Defi trotzdeem bestoen."

Dan Biancalana: Impakt och op politesch Visibilitéit

Den LSAP-Parteipresident Dan Biancalana, deen als Vizepresident vum Syvicol d'Propose vum Gemengesyndicat mat dréit, erkläert, wat esou e Changement um System fir d'Parteie géif bedeiten:

"Et schielt sech dann eraus, datt sech dat Politescht dann éischter méi bei Gemengen ab 6.000 erauskristalliséiert, wéi ënner deene 6.000. Dat bréngt natierlech eng aner Visibilitéit mat sech, dat ass richteg."

Datt esou e Changement virun den nächste Gemengewalen nach kéint Realitéit ginn, ass allerdéngs éischter onwarscheinlech: dës si fir den 11. Juni d'nächst Joer ugesat, also a manner wéi aacht Méint.