Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tageblatt-Chefredakter: "Dat passt net ganz zesummen"

No Affekotebréiwer un d'Tageblatt

Tageblatt-Chefredakter: "Dat passt net ganz zesummen"

D'Tageblatt krut d'lescht Woch wéinst engem Artikel iwwer den Dokter Benoit Ochs, de Bas Schagen an de Sacha Borsellini Post. Den Tageblatt-Chefredakter gesäit an de Bréiwer eng Attack op d'Pressefräiheet. Déi dräi Persounen hunn d'Lëtzebuerger Coronapolitik ëffentlech kritiséiert.

auto_stories

1 min

An hirem Bréif gëtt en droit de réponse, Schuedensersatz an der Héicht vu bis zu 150.000 Euro an eng ëffentlech Entschëllegung gefuerdert, och penal Schrëtter sinn net ausgeschloss. Den Tageblatt Chefredakter Dhiraj Sabharwal warnt virun esou Versich, d'Pressefräiheet z'ënnerbannen.

Lauschterenplay_arrow

"Hei si mer bei dräi Personnagen, wou ech denken, datt se op e Punkt ukomm sinn, wou se total am Eck sinn: De Bas Schagen huet sech zeréckgezunn, den Dokter Ochs a sengem Beruff an de Sacha Borsellini ass et net gewinnt, datt een e kritiséiert. Wann d'Fro ass, ob mer d'Intentioun spieren, datt se dat wëlle maachen, dann definitiv. Ech mengen du geess net engersäits den droit de réponse froen, deen s de kanns kréien, op der anerer Säit frees de e Schuedenersatz, wou s de sees 'dat ass just well et schonn dobaussen ass'. Dat passt net ganz zesummen."