Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Talenter notzen oder verbëtzen?

Fräie Mikro

Talenter notzen oder verbëtzen?

Ronn 41 Prozent vun deene Mënschen, déi 2022 Lëtzebuerger gi sinn, kruten d'Nationalitéit well si e Lëtzebuerger Virfaren haten. Wei leeft d'Integratioun vun dësen Nei-Lëtzebuerger?, freet d'Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen

Am Joer 2022 sinn 10.500 Leit Lëtzebuerger ginn - ronn 5.200 duerch Optioun, 1.000 iwwer Naturalisatioun a 4.300 hunn d'Nationalitéit iwwer de Wee vum Recouvrement kritt. Dës lescht Grupp muss noweisen, datt se e Lëtzebuerger Virfare virun 1900 an der Famill hat.

Brasilianer kënne Lëtzebuerger ginn

Et brauch ee weder hei zu Lëtzebuerg ze wunnen, nach Lëtzebuergesch ze schwätzen, et brauch ee mol keng Verbindung mat Lëtzebuerg ze hunn oder soss eng Viraussetzung ze erfëllen. Interessant ass, datt d'lescht Joer 3.080 Brasilianer esou Lëtzebuerger goufen - dat sinn 72 Prozent vun alle Recouvrementer an 30 Prozent vun allen neie Lëtzebuerger.

Laut dem nationale Regëster vun de Lëtzebuerger am Ausland, hunn Enn 2022 ronn 20.000 Lëtzebuerger a Brasilie gelieft. Eng Konsequenz vum Naturalisatiounsgesetz vun 2017, duerch dat Brasilianer mat Lëtzebuerger Virfaren an hir Kanner Lëtzebuerger kenne ginn, deenen d'Recht op fräien Zougang fir an Europa ze schaffen an ze wunnen zousteet.

Sondage iwwer lëtzebuergesch Kenntnisser

Eng brasilianesch Vereenegung, déi d'Lëtzebuerger a Brasilien iwwer eist Land informéiert, huet a Brasilien e Sondage duerchgeféiert, bei deem d'Sproochekenntnisser, d'Schoulausbildung an de Wonsch, op Lëtzebuerg auszewanderen, hannerfrot goufen. Och wann nëmmen 168 Äntwerten erakoumen, liwwert dëse Sondage e puer interessant Informatiounen iwwer d'Lëtzebuerger, déi a Brasilien liewen. 83 Prozent vun hinne ginn un, Englesch ze kënnen, 45 Prozent Franséisch, 19 Prozent Däitsch an nëmmen zwee Prozent Lëtzebuergesch. Un dësem Sondage hu virun allem Ingenieuren, Spezialisten aus diverse medezinesche Beräicher a Leit mat enger medezinescher Ausbildung geäntwert.

Den Alldag a Brasilien ass vun Onsécherheet a Gewalt gepräägt. Obwuel si sech professionell a Brasilie gutt stinn, wëllen etlech vun de Luxo-Brasilianer auswandere fir hire Kanner sécher Liewensbedéngungen a besser Ausbildungschancen ze bidden.

Brasilianer zu Lëtzebuerg

Laut Statec liewen am Ablack 680 Lëtzebuerger an eisem Land, déi emol Brasilianer waren. Well si Lëtzebuerger sinn, hu si keen Urecht op Mesurë fir sech hei anzeliewen. Dobäi si si grad esou friem a verluer hei wéi vill aner Auslänner, déi bei eis liewe kommen. Dës Nei-Lëtzebuerger hunn zwar fräien Zougang zum Aarbechtsmaart, mee dacks vill Schwieregkeete fir déi sproochlech Exigenzen ze erfëllen. Wa si eng medezinesch Ausbildung hunn, kréie si hiren Diplom net unerkannt, well eis Gesetzgebung haaptsächlech Diplomer aus der EU unerkennt.

Obwuel mir no Spezialisten, Dokteren oder medezineschem Personal sichen, verlaange mir vu Medezinner, déi keen europäeschen Diplom hunn, dësen op enger europäescher Uni nozemaachen. Dat och wa si jorelaang a Spideeler geschafft hunn, heiansdo esouguer a wichtegeverantwortungsvolle Positioune waren. Eng Katastroph fir dës Mënschen an eng Onsënnegkeet fir eist Land. Mir bidde keng Brécke fir déi medezinesch Fäegkeete vun dëse Professionellen ze testen an ze homologéieren, obwuel mir verzweiwelt no Personal am Gesondheetsberäich sichen.

Brasilianer an der lëtzebuergescher Aarbechtswelt

Eisen Aarbechtsmaart brauch souwuel héichqualifizéiert wéi och onqualifizéiert Leit. Vill vun den Nei-Lëtzebuerger si schonn hei oder bereet, heihin ze kommen.

Fir si a fir all aner Auslänner, déi eiser Ekonomie an eiser Gesellschaft kënnen déngen, brauche mer Begleedungs- an Integratiounsprogrammer, déi séier, pragmatesch an effikass Léisunge fir béid Säite virgesinn. Soss ginn eis vill wäertvoll Talenter verluer.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.