Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Eddie Chacon - Hurt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tankrabatt gëtt bis Enn August verlängert

7,5 Cent de Liter manner

Tankrabatt gëtt bis Enn August verlängert

Den Tankrabatt gëtt ëm ee Mount bis Enn August verlängert. Dee Kompromëss gouf et am Regierungsrot, huet d'Finanzministesch Yuriko Backes am 100,7-Interview erkläert.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Simon Kadula

Am aktuelle Kontext vun héijen Energiepräisser an enger generell héijer Inflatioun wéilt d'Regierung d'Leit mat der 7,5-Cent-Mesure weider ënnerstëtzen, esou d'Yuriko Backes.

Dës Verlängerung ëm e Mount kascht de Staat tëschent 11 an 12 Milliounen Euro. Et wier manner Bensinn an Diesel verkaaft ginn, "sou datt déi ganz Saach schonn een Impakt op de [Staats]budget huet", seet d'Yuriko Backes.

Lauschterenplay_arrow

D'Entscheedung vum Regierungsrot fir d'Verlängerung vum Tankrabatt wier e Kompromëss, esou d'Finanzministerin no de Kriticken ë.a. vun deene Gréngen, déi vun enger "net zilféierender Mesure" geschwat hat.

Et misst een d'Präisentwécklung, grad ewéi d'Kafkraaftverloscht vun de Leit weider am Ae behalen, esou d'Yuriko Backes, sou datt een zu engem aneren Zäitpunkt aner Mesuren ergräife kann.

"Mee ech menge fir d Moment ass dat heiten dat Bescht, wat mer kënne maachen, déi Mesure elo nach ee Mount ze verlängeren."

Eng weider Verlängerung vum Tankrabatt iwwer Enn August eraus wollt d'Ministerin net eendeiteg ausschléissen

Géigeleeschtungen: Manner TVA fir Solaranlagen a Vëloen

Aner Téin vun Déi Gréng: D'Verlängerung bis Enn August wier déi lescht Verlängerung, heescht et an engem Communiqué vum Koalitiounspartner vun DP an LSAP.

Déi Gréng hätte vill Bedenken, mee hätten awer zougestëmmt, well d'Koalitioun sech och iwwer aner Mesuren eens gi wier: Sou géif mam Staatsbudget fir d'nächst Joer d'TVA op Solaranlage vu 17 op 3 Prozent erofgoen, fir de Kaf an d'Locatioun vu Vëloe géif d'TVA vu 17 op 8 Prozent erofgoen, d'selwecht wéi fir d'Reparatur vu Vëloen an elektronesche Geräter fir de Stot.

D'Koalitioun wier sech ausserdeem eens ginn, datt den Amortissement acceléré fir Immobilieninvestisseure weider soll limitéiert ginn, sou wéi mir dat hei um Radio scho gemellt hunn.