Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tara ass net am Präis mat dran

Patrick Wildgen

Tara ass net am Präis mat dran

D'Geschäftsleit déi Iesswueren am Lassene verkafen, musse Woen hunn déi d'Tara beuechten, dat heescht datt d'Gewiicht vun enger Verpakung muss ofgerechent ginn. Et gëtt kontrolléiert a bei Verstéiss sanktionéiert, erkläert de Patrick Wildgen, vum Konsumenteschutzministère.

auto_stories

2 min

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


Och wann ee Commerçant den Emballage u sech fakturéiere kann, dierf deen Tarif awer net vum Wuerepräis ofhänken. Am Ministère fir de Konsumenteschutz gëtt et eng Ekipp, déi fir d'Kontroll zoustänneg ass. An déi huet rezent an 41 Etablissementer d'Metzler kontrolléiert, woubäi eng Rei Verstéiss konstatéiert goufen, betount de Patrick Wildgen vum Konsumente-Schutz-Ministère:

"Et ass jo kloer, datt Wueren, déi mer vum Commerçant kréien, datt déi verpaakt sinn. Am Rayon gëtt de Präis vun de Wueren um Kilo meeschtens affichéiert, an do muss d'Wo just d'Gewiicht vun der Wuer weien, an net dee vun den Tuten oder Behälter. An et ass do, wou mer um Terrain feststellen, datt et awer nach geschitt, datt Verpakungen mat gewie ginn, wann ee säi Produit, säi Geméis, Fësch oder Fleesch verkaf kritt."

Majoritéit vu kontrolléierte Metzlereien hu korrekt gehandelt

De Konsumenteschutz Ministère huet rezent an 41 Etablissementer d'Metzlerei kontrolléiert, ob d'Reegel agehale gëtt. Kontrolléiert goufen esouwuel déi onofhängeg, ewéi och déi Metzler, déi et an de Supermarchéë gëtt.

Déi meescht géife sech un d'Gesetz halen, betount de Patrick Wildgen.

"Wa mer Kontrollen duerchféieren da mierke mer, datt déi meeschte Commerçanten sech un d'Reegelen halen. Do hu mer speziell d'Problematik vun der Tara kontrolléiert. Do hu mer festgestallt, datt op deenen 41 Etablissementer, déi mer kontrolléiert hunn, 18 an enger éischter Phas net an der Rei waren. Mee wéi se iwwer hir Obligatiounen opgekläert goufen, sinn der nëmme méi eng hallef Dosen iwwereg bliwwen, déi sech net un d'Gesetz gehalen hunn, an déi och protokolléiert goufen."

Bei Verstéiss riskéiert een ee Protokoll ze kréien dee vun engem Polizist ausgestallt gëtt, dee bei de Kontrollen derbäi ass. D'Sanktioun läit tëscht 145 an 250 Euro.