Radioen

On air

Resonanzen  |  Henryk Wieniawski - Scherzo-Tarantella, Op. 16 - Maxim Vengerov (Gei), PFB Symphony Orchestra, Ernst van Tiel (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taux vun Neiinfektioune klëmmt erëm

Infektiounszuelen

Taux vun Neiinfektioune klëmmt erëm

Den Taux d'incidence an de Positivéitstaux vun der Corona-Pandemie zu Lëtzebuerg sinn nees geklommen. An de leschte sechs Deeg ass den Taux vun den Neiinfektioune pro Woch a pro 100.000 Awunner nees vu 66 op 86 geklommen. Dat weist d'Analys vun den neisten Zuele vun der Santé.

auto_stories

1 min

De Bäitrag lauschterenplay_arrow


Wa Lëtzebuerg wëll vun de Lëschte vun de Risikogebidder erofgeholl ginn, muss den Taux d'incidence nees op 50 oder manner erofgoen. Virun zwou Woche louch e bei 117, virun enger Woch war en op 66 gefall. Lo ass en nees op 86 geklommen.

Vun den Nopeschlänner huet d'Belsch mëttlerweil deen héchsten Taux: Do ginn et mëttlerweil 141 confirméiert Neiinfektioune pro Woch a pro 100.000 Awunner. Frankräich läit bei 107, d'Departement Meurthe-et-Moselle läit och elo iwwer 50 mat 57 Neiinfektiounen, d'Moselle läit bei 31. An Däitschland klammen d'Zuelen, mee op engem vill méi nidderegen Niveau: Den nationalen Taux d'incidence läit do bei 18. D'Saarland ass op 15 geklommen, d'Rheinland-Pfalz läit bei 13,5.

Grafik: radio 100,7 / Donnéeën: Santé

Fir d'Situatioun besser analyséieren ze kënne, kucken d'Experten och aner Wäerter. Sou ass zu Lëtzebuerg och de Positivitéitstaux héich. D'lescht Woch gouf et hei am Land den zweethéchste Positivitéitstaux zanter Abrëll: 1,44 Prozent vun den 38.000 Tester, déi d'lescht Woch gemaach goufe, ware positiv.

D'lescht Woch goufen et ronn 550 confirméiert Neiinfektiounen, 90 méi wéi d'Woch virdrun.