De Konkurrenzrot approuvéiert dem Mobilitéits-Minister François Bausch säi Gesetzprojet vum Februar dëst Joer fir déi geplangten nei Taxis-Reform.
Den eenzege Wee fir d'Ziel vu räsonabele Präisser fir Taxifahrte mat enger Verbesserung vun der Rentabilitéit vun den Taxis-Entreprisen ze kombinéiere, wier eng Dynamiséierung vun der Offer, heescht et am Avis vum Conseil de la Concurrence vu gëschter.
D'gefuere Kilometer op e Maximum eropsetzen
Duerch d'Reform vum Taxi-Wiese géif eng Plaz geschafe gi fir déi, déi op de Marché wéilten. D'Entreprisë géife pousséiert ginn, nei Modeller ze adoptéieren, déi duerch den Digitaliséierungs-Fortschrëtt erliichtert ginn a warscheinlech zu Effizienzgewënner géife féieren, steet am Avis vum Konkurrenzrot ze liesen.
Dat éischt Ziel vun den Entreprisë dierft net sinn, déi héich Präisser bäizebehalen, mee d'Zuel vun de gefuerene Kilometere pro Dag oder Joer op e Maximum erop ze setzen. Et géif deemno ëm ekonomesch Effikassitéit a Rentabilitéit goen.
D'Reformpläng vum Taxiswiese gesi vir, datt déi territorial Limitatioun vun den Taxis-Lizenzen ofgeschaaft gëtt. All Taxi kéint dann am ganze Land fueren. Donieft soll d'Aschränkung vun der Zuel vu Lizenzen opgehuewe ginn. An et sollen ë.a. gesetzlech Dispositiounen och fir Servicer vu Locatiouns-Autoe mat Chauffeur agefouert ginn.
D'Wichtegkeet vum Secteur
Dem Konkurrenzrot no hätt den Taxis-Secteur eng Wichtegkeet, déi iwwer säi Gewiicht a Saache Wirtschaftsleeschtung eraus geet. Dëse Secteur géif eng komplementar Offer um Marché vum Persounen-Transport duerstellen, e kéint awer och den Image de Marque vum Land affektéieren.
Déi lescht Reform vun 2016/17 hat d'Zuel vun den Taxis-Zonë vu 44 op 6 reduzéiert an d'Präislimitatioune waren opgehuewe ginn.
Déi nei Taxis-Reform soll Ufank 2022 a Kraaft trieden, war an der Vergaangenheet ugekënnegt ginn.