Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Télétravail fir Frontalieren: Accorde lafen aus

Home office

Télétravail fir Frontalieren: Accorde lafen aus

Déi bilateral Accorde fir den Télétravail vu Grenzgänger, déi am Kader vun de Corona-Restriktiounen ausgehandelt goufen, lafen Enn Juni aus - da gëllen nees déi al Seuilen un Deeg, déi ee vun doheem aus ka schaffen, ouni datt et en Impakt op d'Besteierung oder Sozialversécherung huet. Wien an Zukunft reegelméisseg wëllt vun doheem aus schaffen, muss sech am Viraus informéieren.

auto_stories

2 min

Lauschteren


D'Ophiewe vun de bilateralen Accorde betrëfft just den Télétravail, deen duerch Corona-Restriktiounen ugefall war.

Fest Deeg, un deene vun doheem geschafft ka ginn, an déi iwwer eng Klausel am Aarbechtskontrakt festgeluecht goufen, sinn net dovunner betraff: Wann ee Seuil u maximalen Deeg vun Télétravail iwwerschratt gëtt, ginn déi zousätzlech Deeg am Residenzland besteiert.

Kompletten oder onreegelméissegen Télétravail?

Däitschland wéilt déi Leit, déi déi éischt Hallschent vum Joer komplett am Télétravail waren, awer net extra besteieren, erkläert de Christophe Knebeler vum LCGB: dat wier dann duerch d'Corona-Restriktioune bedéngt.

Fir déi Leit, déi onreegelméisseg am Télétavail waren, also mat Ënnerbriechungen, wier dat anescht: "Dat wier fir si e geplangten Télétravail, deen näischt mat der Pandemie ze dinn hätt, an do kéinten dann déi normal Seuile spillen", esou de Gewerkschaftler.

EU-Direktiv kann negativen Impakt hunn

Wa 25 Prozent vun der Aarbechtszäit oder vum Revenu am Residenzland iwwerschratt gëtt, gëtt eng EU-Direktiv applizéiert. Deen Ament bezilt een déi gesamt sozial Bäiträg am Residenzland, an et verléiert een d'Recht op aner sozial Leeschtungen.

Dat betrëfft net nëmmen d'Sécurité sociale, also d'Pensioun an d'Gesondheetskeess, "mee et muss een och alles, wat een u Prestatioune kritt, réckwierkend rembourséieren", erkläert de Christophe Knebeler.

"A wann do dann ee Congé parental derbäi war, wou ee wärend sechs Méint 3.000 Euro de Mount krut, da kann dat schonn eng gréisser Zomm ginn, déi da muss zeréckbezuelt ginn."

Deemno wéi eng Form vun Télétravail een eraussicht, kann dat also een negativen Impakt hunn: op d'Besteierung a virun allem op d'Sozialleeschtungen.

Aktuell dierfen däitsch Frontaliere maximal 19 Deeg am Joer am Télétravail schaffen - fir d'Belsch sinn et 34 Deeg. Franséisch Frontaliere kënnen 29 Deeg d'Joer vun doheem aus schaffen - dee Seuil kéint awer deemnächst op 34 Deeg d'Joer eropgesat ginn.