Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Télétravail: Recht op Ofschalten europäesch garantéieren

Europäesch Unioun

Télétravail: Recht op Ofschalten europäesch garantéieren

Zanter der Pandemie schaffe vill méi Leit wéi virdrun am Télétravail. Dat huet Virdeeler, wéi zum Beispill deen, datt ee sech de Wee fir op d'Aarbecht spuert. Een Nodeel ass awer och, datt et méi schwéier ass, d'Grenz tëscht privatem a professionellem Liewen ze zéien. D'Gewerkschafte fuerderen dowéinst kloer Reegelen an e "Recht op Ofschalten", oder een "Droit à la déconnexion". D'Europaparlament wëllt dat Recht op europäeschem Niveau verankeren a schafft un enger Propose fir contraignant Reegelen anzeféieren.

auto_stories

3 min

D'Rad muss net nei erfonnt ginn, seet den Alex Agius Saliba, Europdeputéiert vun de maltesesche Sozialisten.

"Mir hätte just gären, datt Rechter, déi et elo scho gëtt och agehalen ginn fir dofir ze suergen, datt d'Grenz tëscht der Aarbechtszäit, an där fir d'Famill oder ze raschten méi kloer ass".

Dat ass effektiv néideg, déi Linne méi kloer ze zéien, dorop weise Gewerkschaften hin. Grad elo, wou vill méi Leit am Home office schaffen.

Iwwer een Drëttel am Home office

Eurostat no ware vrun der Pandemie europawäit nëmme grad emol 5,4 vun de Leit reegelméisseg am Télétravail, am Abrëll dëst Joer gouf déi Zuel awer op bal 37 Prozent geschat.

D'Pandemie huet d'Aarbechtsliewen drastesch verännert. Dat bréngt gewëss Risike mat sech, seet d'Esther Lynch vum Daachverband vum Europäesche Gewerkschaftsbond ETUC.

"Déi gréisste Gefor am Teletravail ass ee schlechte Management, deen da vun den Employéen erwaart, datt si permanent disponibel sinn. Mam Resultat, datt d'Leit iwwerfuerdert sinn, well si dauernd erreechbar musse sinn, entweder iwwer Email oder um Telefon."

Vill Patronen hate vrun der Pandemie gezéckt, Télétravail iwwerhaapt zouzeloossen, aus Angscht, hir Leit kéinten net genuch schaffen. De Contraire ass awer dacks de Fall. Am Abrëll hu bal een Drëttel vun de Leit, déi doheem schaffen, uginn, si géifen och no Feierowend nach schaffen, fir hire Pensum z'absolvéieren. Vun deenen, déi net am Home Office sinn, hate just aacht Prozent gesot, si géifen iwwert déi normal Aarbechtsstonnen eraus schaffen.

Nëmme véier EU-Länner hu bis elo ee Gesetz agefouert, dat de Salariéen ee Recht op Ofschalte garantéiert, also dorop, net connectéiert, an erreechbar ze sinn. Et sinn d'Belsch, Frankräich, Italien a Spuenien.

Direktive iwwert d'Aarbechtszäit upassen

Op europäeschem Niveau muss ee Mindest-Standard fir Reegelen opgestallt sinn, seet den Europadeputéierten Alex Agius Saliba, deen am gaangen ass eng Propose vum Parlament auszeschaffen.

An der Haaptsaach géiF et drëm, dofir ze suergen dat bestoend Direktive korrekt ëmgesat ginn. Zum Beispill déi vun der Aarbechtszäit, déi des Zäit op 8 Stonnen den Dag, 40 Stonnen d'Woch an och op mannst op 11 Stonne Rouzäit pro Dag festleeën. Des Direktive muss un d'Digitalisatioun ugepasst ginn, sou de Maltes.

"D'Recht op d'Deonnectioun muss een universellt Recht sinn, wat fir all Salarié gëllt. Et soll och net wéi a Frankräich just fir Entreprise gëllen, wou iwwer 50 Leit schaffen.

D'Sozialpartner hätten an deem Kader ëmmer nach de Fräiraum, hir eege Solutiounen ze proposéieren. En eng an déi nämmlecht Reegele fir d'EU anzeféieren, wier net sënnvoll sou de Rapporteur vum Europaparlament.

Patronen net enchantéiert

D'Patrone fannen déi Approche trotzdeem bedenklech, erkläert d'Rebekah Smith, vu BusinessEurope:

"Eiser Meenung no sollt d'Europaparlament kee contraignant Gesetz proposéieren. D'Sozialpartner hu vru Kuerzem een Accord iwwert d'Digitalisatioun ugeholl, an deem och d'Modalitéiten fir d'Connexioun an d'Deconnectioun festgehale ginn. Een europäescht Gesetz géif d'Autonomie vun de Sozialpartner net respektéieren. A mir mengen, datt et dozou scho genuch Reegelen op europäeschem Niveau gëtt."

Änlech gesäit dat de Lëtzebuerger Aarbechtsminister Dan Kersch, et sollt een een éischter op Accorden tëscht de Sozialpartner setzen, hat hien am Hierscht zejoert an engem Interview am Wort gesot. D'Chambre des Salariés awer fuerdert een extrat Gesetz fir d'Recht op Deconnectioun fir jiddereen ze garantéieren.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.