Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider Reunioun tëscht Xavier Bettel an der Maison du Grand-Duc

No den Tensiounen um Haff

Weider Reunioun tëscht Xavier Bettel an der Maison du Grand-Duc

De Generalsekretär vum Regieurngsrot, Jacques Flies confirméiert, datt et e Mëttwoch eng Reunioun tëscht dem Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc an dem Staatsminister gouf. Dëst an der Suite vun der Reunioun vum 19te Januar déi wéinst Tensiounen um Haff organiséiert gouf.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'lescht Joer am Dezember hat d'Lëtzebuerger Land vu neien Tensioune geschriwwen, déi opkoumen am Kontext vun de Preparativen vun der Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra, déi dëse Samschdeg virgesinn ass. D'Land schreift, datt d'Grande-Duchesse Maria Teresa sech beschwéiert hat, datt si bei engem Fotoshooting net genuch assistéiert gi wier. Et wier do zu Tëschefäll komm, iwwer déi Membere vum Personal vun der Maison du Grand-Duc sech beschwéiert haten.

D'Maison du Grand-Duc, d'Verwaltung déi am Oktober 2020 iwwer een Arrêté an d'Liewe geruff gouf, huet d'Missioun déi offiziell Aktivitéite vum Grand-Duc ze geréieren. An engems gouf domat och eng méi transparent Trennung geschaf tëscht de privaten an den ëffentlechen Aktivitéiten. Geleet gëtt déi Verwaltung duerch ee Comité de direction mat ënner anerem de Maréchal de la Cour de Paul Dühr. Esou hat de Spezialbeoptragten, Jeannot Waringo, dat a sengem Rapport geschriwwen.

Konstruktiven Austausch

D'Reunioun vun e Mëttwoch wier ee konstruktiven Austausch gewiescht, schreift de Jacques Flies. Et wier iwwer d'Organisatioun an de Fonctionnement vun der Maison du Grand-Duc gekuckt ginn, dat op der Basis vun den Erfarungen déi een elo iwwer d'Verwaltung hätt. Dëst am Kontext vun Aktivitéiten déi no der Pandemie nees ugezunn hätten.

E Mëttwoch ass iwwerdeems zréckbehale ginn, datt de Comité de coordination vun der Maison du Grand-Duc eng méi detailléiert Analyse vu verschiddene méi techneschen Aspekter vum Fonctionnement vun der Verwaltung soll maachen an da gegebenerweis och soll Amelioratiounen an enger Reunioun proposéieren déi an den nächste Méint stattfanne soll.