Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Terrassen dierfe viraussiichtlech vum 7. Abrëll un nees opgoen

Lockerung

Terrassen dierfe viraussiichtlech vum 7. Abrëll un nees opgoen

Vum 7. Abrëll un dierfe Caféen a Restauranten nees hier Terrassen opmaachen, dat awer nëmme vu moies sechs bis owes sechs Auer. Dat huet de Premier Xavier Bettel de Mëttwoch Mëtteg nom Regierungsrot matgedeelt. D'Regierung behält sech awer weider d'Méiglechkeet op, am Fall vun enger exponentieller Hausse ze reagéieren, an dës Lockerung nees zeréck ze huelen, oder souguer ee ganz aneren Zeenario a Kraaft ze setzen.

auto_stories

2 min

Déi aktuell Mesurë wéinst der Corona-Pandemie solle vun Ouschtersamschdeg bis de 25. Abrëll verlängert ginn. Déi eenzeg méiglech Ouverture wier déi vun den Terrasse vu Caféen a Restaurante vum 7. Abrëll un: dat mat enger Rei vu sanitäre Konditiounen.

Dësen - Zitat "klengen, symbolesche Schrack" huet de Premier Xavier Bettel um Mëttwoch nom Regierungsrot ugekënnegt.

D'Terrasse kéinte vu 6 Auer moies bis 6 Auer owes opgoen, a pro Terrassen-Dësch dierfte maximal zwou Persoune sëtzen, ausser et si Leit aus dem selwechte Stot. Tëschent den Dëscher muss eng Distanz vun annerhallwem Meter agehale ginn, oder et muss Plexiglas installéiert sinn. De Verbuet fir Alkohol dobaussen ze consomméiere géif fir d'Horeca-Terrassen opgehuewe ginn.

D'Konditioun fir déi ugeduechten Ouverture vun den Terrasse wier, datt d'Zuel vun den Nei-Infektioune respektiv vun de Patienten an de Klinicken an den nächsten Deeg net staark klëmmt, esou de Xavier Bettel.

"Mir wëlle keen After-work a kee Rambazamba", sou de Regierungschef, deen och ënnerstrach huet, datt den Hëllefsregime fir dës Betriber géif weider lafen.

D'Inzidenzzuel pro 100.000 Awunner iwwer siwen Deeg läit aktuell bei 250, sou den Direkter vun der Santé, Jean-Claude Schmit.

D'Chamber muss dat ugepasstent Covid-Gesetz nach virum 3. Abrëll stëmmen.