58.000 Mënschen hätte bis ewell eng Invitatioun kritt fir sech testen ze loossen, erkläert den Ulf Nehrbass. Ënner de 17 Statioune wier och eng eng Test-Statioun zu Fouss erreechbar bei de Rotonden.
Virop wiere bis elo Mënschen aus der Konstruktioun, déi virun e puer Woche schonn eemol getest goufen, an aus dem Soins à la personne, wéi zum Beispill de Coiffeure getest ginn.
Reegelméisseg testen
Dës Secteuren hunn zwou Wochen, nodeems si hire Bong kruten Zäit, sech testen ze loossen. Deemno wier et elo nach ze fréi iwwer een Taux de participation ze schwätzen, erkläert den LIH-Generaldirekter. Hie geet awer vun engem Taux vu 50 Prozent aus.
Gëschter wiere weider 76.000 Invitatiounen erausgaange fir Leit, déi am Horesca-Secteur am Commerce schaffen a fir Apdikter, Prisongsmataarbechter a Police. An den nächste Woche wéilt een awer déi ganz Populatioun testen. Den Ulf Nehrbass geet dovunner aus, datt ee bis Enn Juli kéint eng Millioun Tester kréien.
Pro Woch sollen dann 120.000 Leit getest ginn, verschiddener dovunner sollen ëmmer erëm getest ginn. Als Beispiller nennt hie Leit, déi an engem Restaurant oder bei engem Coiffer schaffen, den Ulf Nehrbass schwätzt vu 50.000 Leit pro Woch, déi reegelméisseg getest solle ginn.
"Superspreader"
Och wann den Infektiounstaux den Ament trotz Deconfinement niddreg wier, wieren d'Massentester wichteg fir d'Ausbreede vum Virus ze verhënneren, betount den Ulf Nehrbass. Den neisten Erkenntnisser no géife beim Coronavirus e puer sougenannte "Superspreader" vill Leit ustiechen. Eng Studie aus Israel géif awer weisen, datt et just ganz wéineg Leit ginn, déi vill anerer ustiechen. Duerch déi grouss ugeluechten Tester géif een och déi "Superspreader" identifizéieren.
D'Daten, déi bei de Massentester gesammelt ginn, géifen net zeréck un de LIH goen a se géifen och net fir Fuerschungszwecker benotzt ginn, preziséiert den Ulf Nehrbass.
Kritik un der Regierung
De Kaf vun den éischten Tester bei der Escher Firma Fast Track Diagnostics huet 39,5 Milliounen Euro kascht. Et gouf Kritik, datt et bei dësem Projet vun der Regierung keng ëffentlech Ausschreiwung gouf.
Den Ulf Nehrbass seet dozou, datt een déi Tester am Abrëll kaf hätt, wéi d'Pandemie nach ganz aktiv an aggressiv war. Et hätt ee probéiert un Tester ze kommen an et wiere verschidden Tester ënnersicht ginn, ënner anerem aus China a Korea. Den allgemengen Tester wier a kenger grousser Quantitéit disponibel gewiescht, an dat wier och nach ëmmer esou.
"Das heisst, es war in dem Punkt nicht möglich eine öffentliche Ausschreibung zu machen. Da hat es auch durchaus Beschlagnahmungen von Material gegeben, das für Luxemburg bestimmt war."
Et wier net méiglech gewiescht, fir déi normal Zäiten a Prozeduren anzehalen, wéi dat an enger normaler Situatioun de Fall wier.
Et gouf och Kritik un der Zesummenaarbecht mat Ecolog, enger Firma, déi am Militärberäich aktiv ass, an hei d'Testzenteren opgestallt huet. Ma trotz de Kriticke bereit den LIH-Chef et net, datt säin Institut d'Koordinatioun vum Projet iwwerholl huet.