Um EU-Sommet hat de Premier Xavier Bettel och d'Missioun senge Kolleege Staats- a Regierungscheffen d'Lëtzebuerger Strategie a Saache Corona-Tester duerzeleeën an op deem Wee déi méi héich Infektiounszuelen an een anert Liicht ze stellen.
"Mir maachen dat, wat d'WHO an d'ECDC recommandéieren: Testen, testen testen", esou de Xavier Bettel. "A wie vill test, fënnt och vill".
Fakt ass, datt d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO effektiv zu breedem Testen oprifft.
ECDC evaluéiert Effikassitéit vu Massentester
Déi zweet genannten Agence, den Europäeschen Zentrum fir Krankheetspreventioun a Kontroll, kuerz ECDC, mécht dat zwar och, mee manner offensiv.
"Mir recommandéieren, datt jiddwereen, dee Symptomer huet, soll getest ginn, seet d'Directrice vun deem Zentrum, Andrea Ammon.
Massentester wéi se zu Lëtzebuerg gemaach ginn, ginn den Ament net explizitt vun ECDC ugeroden. Ufanks Juli krut den Zentrum offiziell den Optrag, am Numm vun de Memberlänner, ze ënnersichen, ob déi Strategie effikass ass.
"Mir sinn nach amgaang d'Experienz, déi domat gemaach gëtt, ze evaluéieren". Enn des Mounts sollen an enger Online-Konferenz d'Erfarungen tëschent de verschiddene Länner ausgetosch ginn, esou d'Andrea Ammon
An engem Punkt gëtt si dem Premier op alle Fall Recht. "Wann ee méi test, da fënnt ee méi."
Teststrategie ass vu Land u Land verschidden
Méi Tester wier och eng vun den Ursaachen dofir, datt d'Zuelen a verschiddene Länner an d'Luucht ginn.
Allerdéngs sinn d'Strategien nach ëmmer vu Land zu Land zimmlech ënnerschiddlech. Dowéinst ass et och net evident d'Zuelen ze vergläichen.
Als Repère fir eventuell Restriktiounen anzeféieren, gëtt dacks gekuckt, wéi vill Fäll et bannent 14 Deeg op 100.000 Awunner gouf.
Déi Zuel eleng geet net duer, fir d'Situatioun kënnen ze evaluéieren, seet d'Andrea Ammon. Dem Zentrum no muss en och d'Zuel vun de positive Fäll a Relatioun setze mat der Gesamtzuel vun den Tester, déi gemaach ginn. "Wann dee Prozentsaz deen nämmlechte bleift, dann heescht dat och, dat eng Hausse net op méi Infektiounen, mee op méi Tester zeréckzeféieren ass."
Där Logik no sinn déi méi héich Zuelen zu Lëtzebuerg net direkt drop zeréckzeféieren, datt méi getest gëtt. Well dee Prozentsaz ass hei am Land effektiv net d'nämmlecht bliwwen - mee bannent engem Mount staark geklommen. Fir genee ze sinn: vun 0.17 Prozent ufangs Juni op 1.06 Prozent déi lescht Woch.
D'Ausso, datt méi Tester och zu méi héijen Infektiounszuelen féieren, muss een also relativéieren.
All Land decidéiert selwer, wéi evaluéiert gëtt
Egal wéi recommandéiert den Europäeschen Zentrum fir Krankheetspreventioun beim Verglach vun den Zuele verschidde Parameteren ze berücksichtegen. "Mee et ass un de Länner selwer ze decidéieren, wat si do consideréieren."
Et ass domat de Länner iwwerlooss, op wéi enger Basis vun Donnéeë si decidéieren, Restriktioune géintiwwer Bierger aus engem anere Land anzeféieren. D'ECDC huet dorop keen Afloss.
Restriktioune fir ze Reese ginn iwwerdeems vum Zentrum explizitt net als eng effikass Mesure ugesi fir de Virus ze bekämpfen. Dat gouf och esou an hirem Rapport vum 2. Juli widderholl.
Grenzen zoumaachen ass keng effikass Mesure
En vue vun der globaler aktueller Situatioun wier dat vum epidemiologesche Standpunkt aus net sënnvoll, seet d'Andrea Ammon.
"De Virus ass iwwerall - et gëtt kee Land, dat e lass ginn ass."
Wëssenschaftlech Beweiser dofir, datt Grenzen zoumaachen eppes am Kampf géint de Virus bréngt, gëtt et net, dat confirméiert d'Andrea Ammon.
D'Europäesch Kommissioun hat sech nach am Mee dorop verstäipt, wéi si d'Zoumaache vun de Grenzen vu verschiddene Länner justifiéiert huet. Eng respektiv Trace vun esou engem Beweis konnt Bréissel op Nofro net liwweren, huet sech awer op d'ECDC beruff.
D'Direktesch Andrea Ammon pocht drop, dat den Zentrum mat Sëtz zu Stockholm eng onofhängeg Agence ass.
Zweete Lockdown ka verhënnert ginn
Eng effikass Mesure war an den Aenvun der Expertin op alle Fall de Lockdown: "Et waren drastesch Mesuren, mee am Verglach zu ufanks Abrëll hu mer elo 80 Prozent manner Fäll".
Een zweete Lockdown kann evitéiert ginn, mengt d'Andrea Ammon, wann een unhand vun der richteger Interpretatioun vun den Testresultater séier reagéiert.
Grad elo wier et wichteg, datt d'Autoritéiten de Leit d'Situatioun gutt erklären, fir datt ee versteet, datt ee sech weider un déi bekannte Reegelen hale soll. An datt een et och selwer an der Hand huet, ob et zu méi Restriktioune kënnt oder net.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.