Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Testcampagne vun der Santé

Schnelltester

Testcampagne vun der Santé

D'Santésdirektioun wëllt mat der Campagne "Lëtzebuerg test sech" een Iwwerbléck iwwer d'Evolutioun vun der Pandemie kréien. All Stot krut e Bong fir fënnef gratis Schnelltester. Dës Woch soll jiddweree sech zwee mol teste loossen.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Dennis Duddek/ Eibner Pressefoto

Lauschterenplay_arrow


D'Zil vun der Testwoch ass et sou vill wéi méiglech Infektioune bannent kuerzer Zäit ze detektéieren an d'Zuel un neie Fäll erofzedrécken, seet den Dr Thomas Dentzer vun der Santésdirektioun.

Et géif ee sech grouss Hoffnung maache d'Zuel vun den Neiinfektiounen ëm 30 bis 40 Prozent drécken ze kënnen, wa vill Leit hei matmaachen. Esou wéilt ee verhënneren, datt nei Mesuren en place misste gesat ginn, wéi zum Beispill ee Lockdown, wéi dat an anere Länner de Fall ass.

Wann een e positiivt Resultat huet, soll ee sech beim Contact-Tracing mellen - et kritt een dann och eng Ordonnance fir ee PCR-Test ze maachen.

Infektiounen iwwer d'Feierdeeg miniméieren

Dat zweet Zil vun der Santésdirektioun ass et sech op d'Feierdeeg virzebereeden, esou den Dr Thomas Dentzer: et wéilt een d'Leit nach eng Kéier dru gewinne Schnelltester ze maachen. Fir ee Maximum u Sécherheet ze hunn, sollt ee virun de Festivitéiten ee Schnelltest maachen. "Dofir wëlle mir déi Woch maache fir d'Leit ze sensibiliséieren an ze weisen, datt déi Tester hëllefen."

D'Schnelltester wieren och effikass fir déi nei Variant Omicron ze erkennen, preziséiert den Dr Thomas Dentzer: se reagéiert op de Spikeprotein, an dat trotz de ville Mutatiounen.