Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Testcapacitéite gi virun ausgebaut

Coronavirus

Testcapacitéite gi virun ausgebaut

D'Aufgab vum LNS wier et fir prett ze sinn, wann d'Ufuerderungen a Saache Coronavirus géife klammen. Wann de Laboratoire op eng Kéier 50 bis 200 Tester pro Dag misst maachen, da kéint een d'Testcapacitéiten deementspriechend vergréisseren, esou den Direkter. Et wéilt een den Testprozess nach weider automatiséieren, fir an Zukunft och méi eng héich Quantitéit un Tester a relativ kuerzer Zéit kënnen ze verschaffen. De Gesondheetsministère an de Staat hätten déi néideg Ënnerstëtzung zougeséchert.

auto_stories

2 min

Den LNS zu Diddeleng huet zanter Enn Januar schonn 122 Tester op den neie Coronavirus duerchgeféiert, seet den LNS-Direkter, de Prof. Dr. Friedrich Mühlschlegel. Dorënner waren och dräi Tester aus den Nopeschregiounen, heescht et beim Laboratoire national de santé. Zanter e Samschdeg den Owend ass jo een éischte Fall vun enger Infektioun mam neie Coronavirus hei am Land confirméiert. Dat positiivt Resultat vum éischten Test hätt een e Samschdeg am fréien Owend virleie gehat.

Sou wéi d'Weltgesondheetsorganisatioun et virschreift, musse bei de fënnef éischte Fäll vum Virus d'Resultater all Kéier iwwerpréift ginn, sou den Direkter vum LNS. Et wier net esou, datt iergendeen den Tester, déi den LNS mécht, net géif vertrauen, mee et wier eng Prozedur, déi een d'office duerchlafe misst.

Den éischte positiven Test vun e Samschdeg hei am Land gouf e Sonndeg an engem Laboratoire zu Rotterdam iwwerpréift. Och dësen Test war - wéi mëttlerweil gewosst - positiv.

D'Tester op den neie Coronavirus am LNS zu Diddeleng ginn de Moment vu sechs vun den am Ganzen 310 Mataarbechter duerchgeféiert, an engem verstäerkt automatiséierte Prozess, seet de Friedrich Mühlschlegel. D'Resultater leie bannent Stonne vir. Fir den Test misst de Virus net méi liewen. E géif "desaktivéiert" ginn, sou datt en net méi ustiechend wier an eréischt duerno géif u sengem genetesche Material geschafft.

Fir den Transport vun der Prouf an Holland war de Laboratoire national de santé vun Diddeleng zoustänneg.