Am Kader vun de sougenannten Large-scale Tester wëllt d'Regierung an den nächste Wochen e groussen Deel vun der Populatioun testen, d'Tester si fräiwëlleg. D'Unzuel vu Leit, déi sech dru bedeelegen, hätt en Afloss op d'Mesuren, déi d'Regierung an nächster Zäit hëlt, esou de Paul Wilmes.
"Et ass esou: Wat méi Leit do matmaachen, wat mer sécher dovunner ausgoe kënnen, datt mer méi séier an eben och méi sécher den Deconfinement kënne weider dreiwen."
Dat géif kloer aus de Simulatiounen ervirgoen, déi d'Wëssenschaftler vun der Task Force gemaach hunn. De Mikrobiolog mécht dofir en Appell un d'Solidaritéit vun de Leit.
Hie rechent mat engem Participatiounstaux vun op d'mannst 50 Prozent a wirtschaftleche Secteuren, déi besonnesch exposéiert sinn.
Eng méiglech zweet Well ka verhënnert ginn
Wann déi aktuell Hygiènesmesurë strikt agehale ginn, da kéint verhënnert ginn, datt et zu enger zweeter Well vum Coronavirus kënnt, esou de Paul Wilmes. De Mikrobiolog betount, d'Leit hätten et selwer an der Hand, ob de Virus sech nees méi séier verbreet.
"Wat ee ganz kloer ka soen, ass datt eng zweet Well haaptsächlech dovunner ofhängeg ass, wéi vill sozial Kontakter d'Leit wäerten hunn. Mir hunn dat schonn duerchdeclinéiert, a mir hu gekuckt, wéi vill méi Prozent u sozialem Kontakt, wéi dat sech da wäert auswierken, op déi berüümt-berüchtegt zweet Well."
De Paul Wilmes rifft dofir dozou op d'Hyiènesmesurë weider anzehalen. Wann dat geschitt, da wier et méiglech de Virus weider anzedämmen, esou de Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg.