Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Testflicht an Alters- a Fleegeheemer: OGBL ass kritesch

Gesellschaft

Testflicht an Alters- a Fleegeheemer: OGBL ass kritesch

Den OGBL bleift kritesch bei der geplangter Testflicht vun dësem Sonndeg u fir d'Personal aus ënnert anerem den Alters-a Fleegeheemer a Klinicken: d'Tester solle virun op fräiwëlleger Basis gemaach ginn, dat fir enger Rei vu Problemer aus dem Wee ze goen, verlaangt den Zentralsekretär Pitt Bach.

auto_stories

2 min

Wann déi nei Versioun vum Covid-Gesetz mat der Testflicht de Samscdeg an der Chamber gestëmmt gëtt, da géifen et nach eng ganz Froe ginn, déi ze kläre wieren. Dat virun allem a Relatioun mam Aarbechtsrecht, erkläert de Gewerkschaftler. Wann et dozou kommen, datt d'Tester an der Aarbechtszäit sollen duerchgefouert ginn, géife sech dem Pitt Bach no och Froe par rapport zu der Protection des Données stellen.


De Pitt Bach vum OGBLplay_arrow


"Mir hu lo matkritt, datt et Patrone ginn, déi elo scho virun der Dir verschidde Schlaangen organiséieren, wou dann d'Leit quasi virgefouert ginn ëffentlech, déi net geimpft sinn. Do stelle sech natierlech eng ganz Rei Problemer. Et huet een e bëssen d'Gefill, datt hei iwwert eng Testflicht och eng Auskunftsflicht am Fong duerch d'Hannerdier mat agefouert gëtt. An do hu mer natierlech staark Bedenke par rapport dozou."

De Pitt Bach ass och der Meenung, datt wann e Mataarbechter net d'accord ass, fir sech ze testen ze lossen an heem geschéckt gëtt, dat eng Dispens misst sinn. D'Deputéierten aus der Chamberkommissioun haten den Donneschdeg proposéiert, datt d'Personal aus zum Beispill den Alters-a Fleegeheemer, dat net geimpft oder geheelt ass, sech obligatoresch dräi Mol pro Woch muss testen: bis elo waren am Text zwee Tester d'Woch virgesinn.