Radioen

On air

Notturno  |  Pino Palladino, Blake Mills - Just Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accord an der Chamber iwwer Ausnamezoustand

Etat d'Urgence

Accord an der Chamber iwwer Ausnamezoustand

Den Text, deen d'Zréckgräifen op den Ausnamezoustand soll erweideren, ass an der zoustänneger Chamberkomissioun ugeholl ginn. D'CSV stëmmt dem Text zou. Domat gëtt et eng parlamentarescher zwee Drëttel Majoritéit, déi bei Verfassungsännerungen néideg ass.

auto_stories

1 min

Gilles Roth

No villen Textännerungen an de leschte Méint gouf et um Mëttwoch en Accord an der zoustänneger Chamberkommissioun. An den Artikel 32.4 vun der Verfassung soll stoe kommen, datt d'Regierung iwwer e Reglement Grand-Ducal den Ausnamezoustand fir maximal dräi Méint kann ausruffen. Bis viru Kuerzem war nach eng Dauer vu sechs Méint am Gespréich.

D'Chamber soll e Matsproocherecht kréien: Maximal zéng Deeg no der Publikatioun vum Reglement Grand-Ducal muss d'Chamber den Ausnamezoustand mat qualifizéierter Majoritéit via Gesetz confirméieren.

CSV a Majoritéitsfraktiounen op enger Linn

Den CSV-Deputéierte Gilles Roth mécht drop opmierksam, datt och d'Méiglechkeet virgesinn ass, fir géint den Ausnamezoustand en direkte Recours virun de Geriichter ze maachen. Donieft misst d'Regierung an hirem Reglement souwuel d'Kris beschreiwen, wéinst där den Ausnamezoustand ausgeruff gëtt. A si misst d'Urgenz express motivéieren.

Deemno wier d'Ausruffe vum Ausnamezoustand eng Ausnameregelung. D'CSV-Fraktioun hätt nëmmen ënnert deene Virbedéngungen hiren Accord fir den Text kéinte ginn.

D'Verfassungsännerung kéint nach virum Summer an der Chamber zum Vote kommen. D'CSV stëmmt mat de Majoritéitsfraktiounen DP, LSAP an Déi Gréng dofir. Déi Lénk si prinzipiell géint d’Aféiere vum Ausnamezoustand. D'ADR huet nach decidéiert wéi si ofstëmme wäert.