Radioen

On air

Notturno  |  Twain - Walking II

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Theorie a Praxis am Sozialdialog

Sozialwahlen 2019

Theorie a Praxis am Sozialdialog

All Betrib hei am Land mat méi wéi 15 Salariéë muss eng Personaldelegatioun hunn. Hir Aufgab ass et, fir d'Interesse vun de Salariéen a Saachen Aarbechtskonditioune géintiwwer dem Patron ze vertrieden. Hiren Afloss hänkt awer staark dovunner of, wéi d'Delegéiert d'Moyenen notzen, déi d'Gesetz virgesäit. A wat um Terrain wierklech geschitt ass schwéier z'evaluéieren.

auto_stories

5 min

Bei de Sozialwahlen am Mäerz ginn och Vertrieder fir d'Salariatskammer gewielt. Foto: Chambre des Salariés.

Wéi vill Entreprisen hunn hir Obligatioun Delegatiounswahlen z'organiséiere bei de leschte Wahlen am November 2013 net respektéiert? Dozou ginn et keng Chifferen, äntwert d'ITM.

Wéi dacks hunn d'Personaldelegatioune sech déi lescht Jore wéinst Konflikter a Betriber un d'ITM adresséiert, an zu wéi engen Themen? Och dat kann déi zoustänneg Administratioun net präziséieren.

Systemateschen Austausch ass net méiglech

Funktionéiert de Sozialdialog an de Betriber, och do wou keng Gewerkschafte präsent sinn - ëmmerhin ass d'Majoritéit vun den iwwer 10.000 Personaldelegéierten "neutral"? Et ass schwiereg dorobber eng fundéiert Äntwert ze kréien, souguer fir de President vun der Salariatskammer, Jean-Claude Reding.

Iwwer d'Gewerkschaften an iwwer d'Delegéiert, déi u Formatiounen Deel huelen, géif ee sou munches gewuer ginn. Mee ee systemateschen Austausch wier net méiglech. Zum Beispill wann ee wëll d'Delegéiert iwwer hir Rechter informéieren. De Jean-Claude Reding nennt d'Beispill vun der Ecole Superieur du Travail. Hei wier et ganz schwéier fir un d'Delegatiounen ze kommen, well et kee Relevé géif ginn.

Reform vum Sozialdialog

D'Gesetz, dat de Sozialdialog an de Betriber regelt, ass 2015 reforméiert ginn. Et war déi éischt gréisser Upassung vum legale Kader zanter de 1970er. Een Deel vun der Reform trëtt eréischt no den nächste Sozialwahlen a Kraaft.

D'Grondiddi bleift: D'Zuel vun den Delegéierte klëmmt mat der Gréisst vum Betrib, an zwar op bis zu 25 Delegéiert an den Entreprisë mat iwwer 5.000 Salariéen. D'Delegatioune ginn och méi fräigestallt an hu méi Rechter, wat de Betrib méi grouss ass.

An engem klenge Betrib mat 15 Leit gëtt et een Delegéierten, deen all Woch eng Stonn zegutt huet, fir sech ëm de Sozialdialog am Betrib ze këmmeren. Op mannst dräi Mol d'Joer huet den Delegéierten eng Reunioun mam Chef vun der Entreprise, a kann eemol d'Joer eng Assemblée plénière fir d'Personal organiséieren.

D'Rechter vun den Delegéierten

Den Delegéierten huet d'Recht Informatiounen ze froen a consultativ Avisen ofzeginn, an der Haaptsaach wann et ëm Personaldecisiounen, d'Salairen, d'Aarbechtskonditiounen an d'Gestioun vun der Entreprise geet.

Ee méi staarkt Matsproocherecht kritt d'Delegatioun an Entreprisë mat iwwer 150 Salariéen - an deene Betriber also, an deenen et bis zur Reform vun 2015 de sougenannte "Comité mixte" gouf, wou Salariéen an Direktiounsvertrieder vertruede waren.

D'Personaldelegatioun stäerken

An de Betriber mat iwwer 150 Salariéë muss de Patron den Avis vun der Personaldelegatioun am Virfeld vu wichtegen Decisioune froen, zum Beispill wann et ëm Personaldecisiounen oder d'Aarbechtszäite geet. Geschitt dat net, kann d'Decisioun eventuell als ongülteg deklaréiert ginn, oder de Patron muss eng Strof bezuelen.

D'Ofschafe vum Comité mixte géif d'Personaldelegatioun stäerken, an d'Prozedure vereinfachen, seet de President vun der Salariatskammer, Jean-Claude Reding. D'Delegatioun wier doduerch an engem méi direkten Austausch mat der Direktioun an doduerch kéint vill méi konkret diskutéiert ginn.

Méi Moyene fir d'Delegatiounen

Alleguerten d'Delegatiounen - ob a klengen oder a grousse Betriber - kréien duerch d'Reform nei Moyenen. Ob d'Personal doduerch effektiv gestäerkt gëtt hänkt dovun of, wat an der Praxis geschitt, mengt den CSL-President: "Wéi elo déi nei Méiglechkeete vun Expertis a vu Conseil kënne genotzt ginn. Et hänkt och dovun of, wéi gutt d'Leit sech virbereede kënnen. Dofir gëtt et jo och méi Méiglechkeete vu Formatioun. De Credit de formation ass jo relativ staark verbessert ginn."

Nei ass och, datt och net-kommerziell Betriber ënner d'Gesetz iwwert de Sozialdialog falen, zum Beispill Cooperativen an Asblen. Datt d'Personal an de Verwaltungsréit muss vertruede sinn, bleift op d'Sociétés Anonymë mat iwwer 1.000 Salariéë limitéiert, respektiv op SAen, un deenen de Staat iwwer 25 Prozent vun de Parten huet.

Onkloerheeten iwwer de Kënnegungsschutz

D'Salariatssäit hätt gefuerdert, déi Virgab ze verallgemengeren, esou de Jean-Claude Reding. Awer ouni Succès: "Dir kënnt d'Politiker vläicht froen, ob et net och war, well deen Ament och a Betriber, déi ëffentlech oder am soziale Beräich sinn, datt do dann och eng Matbestëmmung dra komm wier."

Fir datt d'Personaldelegéiert hir Aarbecht richteg kënne maachen, profitéiere si vun engem méi strenge Kënnegungsschutz - deen awer ëmmer nees fir Sträit suergt, och virun de Geriichter. Leider wieren d'Regelen am neie Gesetz net wesentlech méi kloer ginn, bedauert de Jean-Claude Reding. Et géif keng ganz duerchsiichteg Prozedur ginn. "A mir wëssen net, wéi déi Texter do vun de Geriichter ugewannt ginn. Do wäerte Jurisprudenze kommen."

Chambre de Commerce: Sozialdialog gëtt méi komplizéiert

Op Säite vun der Chambre de Commerce bedauert een haaptsächlech, datt de Sozialdialog an de Betriber méi komplizéiert a méi deier gëtt. Et wiere méi Leit implizéiert mat méi Conseilleren, méi Experten an doduerch géifen och méi Käschten entstoen, fir deene Leit, déi fir d'éischte Kéier dobäi sinn, ze forméieren, seet d'Anne-Sophie Theisen.

D'Chambre de Commerce kritiséiert zum Beispill, datt och um Niveau vun enger "Entité économique" zu där méi Betriber gehéieren, eng Personaldelegatioun ka bestëmmt ginn. Dat géif méi Froen opwerfe wéi et Froe géif beäntweren, seet d'Anne-Sophie Theisen, an dat hätt d'Chambre de Commerce an hirem Avis och thematiséiert.

D'Chambre de Commerce bedauert och, datt d'Sozialwahlen ee groussen Opwand mat sech bréngen, well se anescht wéi erhofft, den 12. Mäerz nach klassesch mat Wahlziedelen, an net elektronesch oflafen.