Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Basalte

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tiers payant vun der neier Generatioun

Santé

Tiers payant vun der neier Generatioun

An Zukunft sollen d'Patiente keng Sue méi musse virstrecken, wa si an eng Consultatioun bei den Dokter ginn. Fir vill Stéit, déi net vum Tiers-Payant social konnte profitéieren, gëtt dat eng Entlaaschtung. De generaliséierten Tiers Payant gëtt 2023 Realitéit, dat huet den Sozialminister Romain Schneider gëschter no der Quadripartite präziséiert.

auto_stories

3 min

Et soll een Tiers Payant vun der neier Generatioun ginn. Iwwer dee System brauchen d'Patiente keng Sue virzestrecken, wa si an eng Consultatioun ginn. Bis elo gouf et den Tiers payant social, dee fir Leit, déi finanziell Schwieregkeeten hunn, geschafe gouf. Den administrativen Opwand bei enger Generaliséierung vum System war fir d'Dokteren ze grouss.

Dee System soll an Zukunft elektronesch funktionéieren, d'Propose vun de Prestatairë fir een einfachen a séiere System anzeféieren, goufe mat integréiert, esou de Sozialminister Romain Schneider.

E vereinfachte System

Den Dokter Alain Schmit, President vun der AMMD, der Dokter an Zänndokter Associatioun, ass zouversiichtlech, datt een zu engem Konsens ka kommen. Och den Direkter vun der UEL, der Patronatsorganisatioun Union des entreprises, de Jean-Paul Olinger, plädéiert fir ee vereinfachte System.

Et wier ee sech doriwwer eens ginn, datt een de Gesondheetssystem wëllt moderniséieren. Innovatioun an Effizienz missten am Virdergrond leien, seet de Gesondheetsminister Etienne Schneider. Déi nei Technologië sollen de Patienten, den Dokteren an och dem Fleegepersonal ze gutt kommen.

Erausfuerderungen an der Santé

An den nächste Woche gëtt ee Gesondheetsdësch agesat, präziséiert de Gesondheetsminister Etienne Schneider. Ufanks 2020 gëtt a fënnef Aarbechtsgruppe geschafft. Ënner anerem geet et ëm d'Finanzéierung vum Gesondheetswiesen, den neien Technologien an der Medezin an iwwer d'Präventioun.

Och d'Relatiounen tëschent Prestatairen a Patienten, oder d'Zesummenaarbecht tëschent Spideeler an anere Gesondheetsservicer stinn am Mëttelpunkt. Et géife vill Sujeten d'Leit interesséieren, esou den Etienne Schneider.

Eng weider Erausfuerderung ass de Manktem un Dokteren. Dofir solle konkret Moossnamen ergraff ginn, fir d'Aarbechtskonditioune vun den Dokteren ze verbesseren a fir d'Medezinsstudien hei zu Lëtzebuerg ze promovéieren an unzebidden.

CNS steet finanziell gutt do

Déi finanziell Situatioun vun der Gesondheetskeess ass d'lescht Joer stabel bliwwen, esou de Sozialminister Romain Schneider. Déi global Reserve wäerten Enn d'nächst Joer bei ronn 29 Prozent vum Gesamtbudget leien, géintiwwer 30 Prozent Enn d'lescht Joer.

An absoluten Zuele klëmmt d'Reserv awer vun 869 Milliounen zejoert op 962 Milliounen d'nächst Joer erop. Dee prozentuale Réckgang wier duerch nei Depensë bedéngt.

Et besteet nach Handlungsbedarf

D'Gewerkschaften hu bedauert, datt verschidde Leeschtungen, déi 2017 schonn decidéiert goufen, net ëmgesat goufen, ënner anerem den Tiers payant. Datt deen eréischt an dräi Joer kéim, wier ze laang, esou de Carlos Pereira vum OGBL.

D'Gewerkschafte fuerderen iwwerdeems, datt verschidde Prestatiounen, déi virun zwee Joer schonn decidéiert goufen, sollen ageféiert ginn, ënner anerem bei de Brëller an och bei den Zännprotheesen, dat seet och de Christophe Knebeler vum LCGB.

D'Commission de nomenclature, déi sech mam Katalog vun de Remboursementer bei der Gesondheetskeess befaasst, géif no engem Accord mat der AMMD am Juni erëm nees schaffen. De 24. Oktober gouf et eng éischt Reunioun, hunn d'Dokteren an de Sozialminister ënnerstrach.