Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tiny House: Gemeng Stroosse wëllt Pionéier sinn

Logement

Tiny House: Gemeng Stroosse wëllt Pionéier sinn

Zu zwee, dräi, oder zu véiert op 30 Quadratmeter liewen: Wat no net vill kléngt, ass fir eng ëmmer méi grouss Communautéit Realitéit an och den ausdréckleche Wonsch. Rieds geet vun engem sougenannten "Tiny House". D'Gemeng Stroossen gesäit sech als Pionéier an deem Beräich a wëllt eng Rëtsch där klenger Haisercher op hirem Territoire installéieren a verlounen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den Ament géif een hei am Land verdaamt ginn, wann een eng Baufläch hätt, an näischt drop géif bauen, seet de Stroossener CSV-Buergermeeschter Nico Pundel bei der Presentatioun vum Projet.

Der Gemeng den Terrain iwwerloossen

Do wëllt d'Gemeng Stroossen agräifen: D'Proprietäre sollen der Gemeng hiren Terrain zur Verfügung kënne stellen, fir en Tiny House drop ze stellen an ze verlounen. Dee Moment kéime si och laanscht déi héich Grondsteier, déi laut der geplangter Reform op si duer kéim.

"Dat heescht, och do hëllefe mir de Leit fir ze soen: gëff eis et, du bezils deng 5.000 bis 7.000 Euro Grondsteier net, mee mir huelen et, a wann s du et zeréck wëlls an däi Projet drop wëlls maachen, da komme mir eis Tiny Haiser erëm sichen, an da gi mir."

D'Terraine missten der Gemeng awer op d'mannst fënnef Joer zur Verfügung gestallt ginn, fir d'Amenagementskäschten ze amortiséieren, sou den Nico Pundel.

Eng Wunnform fir jiddwereen

De Loyer fir esou en Tiny House soll spéider bei maximal 800 Euro leien. De Stroossener Buergermeeschter preziséiert awer, datt dat kee soziale Wunnengsbau, mee fir jiddweree wier.

Den Nico Punkel kéint sech virstellen, datt Studenten, déi frësch vun der Uni kommen a gäre Wunnraum hätten, esou een Tiny House loune kéinten.

Mee och fir eeler Persounen, oder Leit déi grad gescheet goufen, kéint esou en Haischen eng Optioun sinn.

Wéi eng Terraine kommen a Fro?

De Projet stécht den Ament nach an de Kannerschong. Aktuell géif gekuckt ginn, wéi eng Terrainen iwwerhaapt a Fro kéimen, fir där klenger Haisercher drop ze stellen, sou nach den Nico Pundel.

Véier Bauplaze vun der Gemeng si schonn dofir ugeduecht. Wat aner Terrainen ubelaangt, missten d'PAG- a PAPs-Reglementer deementspriechend geännert ginn.

D'Gemeng schafft beim Projet iwweregens och mam Ordre des Architectes zesummen. Den OAI lancéiert Enn des Joers an deem Kontext e Concours fir Architekten, fir en Tiny House ze entwerfen.

D'Gewënner sollen duerno tatsächlech dann och realiséiert ginn, net nëmmen zu Stroossen, et géif och no anere Gemenge gesicht ginn, déi esou en Haische wéilten exploitéieren.