arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tom Habscheid bei de paralympesche Summer-Spiller zu Tokyo

Presentatioun Team Lëtzebuerg

|
reading time

2 min

Tom Habscheid bei de paralympesche Summer-Spiller zu Tokyo

No den olympesche Spiller kommen elo déi paralympesch Summer-Spiller. Als eenzege Lëtzebuerger mat dobäi ass den Tom Habscheid am Kugelstoussen. Seng Kompetitioun zu Tokyo ass de 4. September.

reading time

2 min

play_arrow Lauschteren

An 12 Deeg, de 24. August, geet et lass. Zwou Woche laang, bis de 5. September, kämpfen eng 4.300 Athleeten aus 160 Natiounen ëm am Ganzen 539 Medailen. Ënner hinnen ass de Lëtzebuerger Tom Habscheid, am Kugelstoussen. Hien ass deen eenzegen Athlet vum paralympeschen Team Lëtzebuerg, dat um Donneschdeg Moie virgestallt gouf.

Seng Verletzung um Knéi wier nees geheelt, an hei géif sech, mental a physesch, nees gutt spieren. De Kugelstousser géing sech freeën fir a Japan, ee Land wou en nach ni war:

"Ech fannen déi japanesch Kultur relativ flott - dat Aalt an dat Modernt. Ech wollt schonn ëmmer eng Kéier dohinner. Leider kann ech awer net aus dem Duerf eraus."

Och bei de paralympesche Spiller, sinn zu Tokyo, wéinst der Pandemie, keng Zuschauer erlaabt. Fir Para-Athleete wier dat vläicht nach méi schued, mengt de Marc Kiefer, sportlechen Direkter vum paralympeschen Team Lëtzebuerg. D'paralympesch Spiller wieren a normalen Zäit nämlech ëmmer déi eenzeg Plaz, wou fir parathlesche Kompetitioun iwwerhaapt Zuschauer zesummekommen.

Oppen Erwaardungen no Verletzung

Datt och zu Tokyo keng Zuschauer komme bréngt den Tom Habscheid awer net aus der Rou: "Ech stinn eleng am Krees, an do muss ech eleng derduerch."

Bei de leschte paralympesche Spiller 2016 war den Tom Habscheid 7. ginn. 2019 huet hien en neie Weltrekord realiséiert
an ass mat 15 Meter 10 Weltmeeschter an der Kategorie F63 ginn. Den Tom Habscheid huet elo theoretesch Chancen op eng Medail, mee säin Trainer Fernand Heitz seet, de Sportler hätt no enger Verletzung Gewiicht a Kraaft verluer.

Den Tom Habscheid selwer gesäit seng Chancen zu Tokyo esou:

"Ech wäert op alle Fall mäi Bescht ginn. Ob ech elo Beschtleeschtung stoussen oder net, dat weess ee ni am Viraus. Dat gesäit een den dag selwer, wéi gutt datt en drop ass. An da kuckt een, wat dobäi erauskënnt."

Seng Kompetitioun zu Tokyo ass de 4. September, um zweetleschten Dag vun de paralympesche Spiller. Déi leschte Kéier wou Lëtzebuerg do mat um Podium stoung war iwwregens 1984, bei de paralympesche Spiller an England an an den USA. Do hat Lëtzebuerg 6 Medaile gewonnen.