Wann ee méi Jonker a méi Fraen wéilt op d'Lëschte kréien, da misst een déi néideg Plaz maachen. "Wann een eng Rei Leit huet, déi als Sortant nach eng Kéier untrieden, da muss een e gudden Equiliber tëschent Sortanten an neie Kandidate fannen, an dofir hunn ech fir mech d'Decisioun geholl, dës Kéier net unzetrieden."
Déi nei Spëtzt géif an den nächste Méint den Dialog mat der Basis sichen, seet den Tom Jungen. D'Partei misst awer och evitéieren, "ze vill an der eegener Zopp ze réieren".
"Diskussioun ëm Anti-Cumul virundreiwen"
Et misst een awer och de Kontakt mat der Zivilgesellschaft sichen, "ech denken un eis traditionell Alliéiert, d'Gewerkschaften, mee doriwwer eraus d'Ëmweltorganisatiounen, d'Naturschutzorganisatiounen". Och am Beräich vun der Educatiounspolitik misst ee säi Profil schäerfen. D'CSV hätt gewisen, datt d'Oppositounskuer net automatesch zeréck an d'Regierung géif féieren.
Den Tom Jungen wéilt och an der Diskussioun ëm den Anti-Cumul virukommen. "Well ech fannen, datt de Buergermeeschter haut e Full-Time Job ass, op d'mannst a Gemenge wéi déi vu menger Gréisst. Do hëlt jiddweree seng perséinlech Meenung mee ech gehéieren zu deenen, déi éischter fir eng Trennung antrieden."
Fayot-Jungen gutt Kombinatioun
Den Tom Jungen gesäit sech selwer net als Géigepol zum Franz Fayot, mee als Team. Den neien LSAP-President Franz Fayot ass Geschäftsaffekot a sot, wéi e gewielt gouf "Jo ech si Stater. Nobody is perfect." Den Tom Jungen, Gewerkschaftler a Réiser Buergermeeschter, stëmmt zou, datt hien e méi klasseschen LSAP-Profil huet, woubäi d'LSAP als Vollekspartei breet opgestallt wier an an hirer Geschicht scho méi wéi eng Kéier och en Affekot als Parteipresident hat, "och wann ech, natierlech, als Mënsch aus dem Süden, als Gewerkschaftler, als Handwierker vläicht eng aner Ausbildung hunn, wéi déi vum aktuelle Parteipresident".