Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Touristen aus Russland: Keng Vakanz méi an der EU?

EU-VISA

Touristen aus Russland: Keng Vakanz méi an der EU?

No Lettland, Litauen an Estland envisagéiert Finnland, keng Visae méi fir Touristen aus Russland auszestellen. Ob d'EU eng eenheetlech Reegelung ustrieft, ass den Ament net kloer.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock MicroOne

"Halt op Russe Visaen ze ginn", sou haut den Appell un déi aner EU-Memberlänner vun der estescher Premierministerin Kaja Kallas op Twitter.

Well d'Leit iwwert de Landwee kommen, an een EU-Visum am ganze Schengeraum gëllt, wiere virun allem d'Nopeschlänner vu Russland wéi déi baltesch Staaten oder Finnland betraff. Et wier Zäit, dem russeschen Tourismus an d'EU en Enn ze setzen, sou d'Konklusioun vun der estescher Regierungscheffin.

De Finneschen Ausseminister Pekka Haavisto huet viru Kuerzem eng europäesch Léisung gefuerdert - déi allerdéngs ass den Ament nach net en vue.

"Mir stinn am Kontakt mat de Memberlänner", sot den Dënschdeg de Mëtteg eng Spriecherin vun der Kommissioun. D'Länner hätten ee grousse Spillraum, wann et dorëms geet, laangfristeg Visaen ze verginn, sou d'Anita Hipper. Am Code, deen déi kuerzfristeg Visae regléiert, wier am Fong keng komplett Interdictioun virgesinn. Et wier un de Länner selwer, déi Demandë cas par cas ze ënnersichen.

Accord iwwert Visa deelweis suspendéiert

D'EU huet zanter 2006 mat Russland een Accord, fir d'Verdeele vu Visaen iwwert eng kuerz Period ze erliichteren. Déi gouf direkt nom Ufank vun der russescher Invasioun an d'Ukrain suspendéiert - awer just deelweis an zwar konkret fir Persounen, déi dem Regime no stinn oder Member vun offiziellen Delegatiounen vu Russland sinn.

EU-Kommissioun hält sech bedeckt

D'Kommissioun wollt de Mëtteg net preziséieren, ob si géif géint EU-Länner aktiv ginn, déi elo generell keng Visaen fir Russe méi wëllen ausstellen. Och d'Fro, ob iwwert eng Erweiderung vun den EU-Sanktiounen op deem Gebitt nogeduecht gëtt, blouf op.

"Weider Sanktioune ginn net ausgeschloss, wa se sollten néideg sinn", sou eng weider Spriecherin, Ariana Podesta. "Fir de Moment gëtt et dozou awer näischt ze soen."

De finneschen Ausseminister Pekka Haavisto huet Wëlles, de Sujet beim nächste Conseil vun den EU-Ausseministeren Enn August op den Ordre du jour setzen.