Trotz dem Deconfinement ginn d'Zuele vun den Infektiounen mam Coronavirus an der Europäescher Unioun global gesi virun erof. Lues a lues ginn éischt Bilane gezunn. Eist Nopeschland, d'Belsch, war besonnesch haart vum Virus getraff. D'Zuel vun deenen, déi an Altersheemer liewen an u Covid-19 gestuerwe sinn, huet missen no uewe korrigéiert ginn.
arrow_back_ios
article
article
/ Tragesche Bilan fir Altersheemer a Sträit ëm Masken
Belsch
Tragesche Bilan fir Altersheemer a Sträit ëm Masken
D'Zuele goufen no uewe corrigéiert: 65 Prozent vun den iwwer 9.000 Leit, déi an der Belsch u Covid-19 gestuerwe sinn, ware Residenten an enger Maison de repos. Fir Diskussioune suergen och weiderhin Otemschutzmasken, déi solle verdeelt ginn. Eng Firma mat Sëtz zu Lëtzebuerg huet 15 Millioune Maske mat Retard geliwwert, an et gëtt Froen iwwer hir Sécherheet.
auto_stories
1 min
D'Danièle Weber erkläert och, wat et op sech huet mam Sträit ëm déi 15 Millioune Masken, déi dës Woch geliwwert goufen. D'Firma Avrox mat Sëtz zu Lëtzebuerg hat den Optrag vun der belscher Regierung krut, well si versprach hat séier ze liwweren. Déi belsch Konkurrenz ass rosen, well d'Commande elo mat vill Retard ukoum an d'Masken eventuell net déi gefrote Qualitéitsuspréch erfëllen.