Mobilitéit Tramreseau: Ausbau vu Buchler Bréck

D'Buchler Bréck tëschent der Gare a Bouneweg gëtt wéinst dem Tram méi breet gemaacht. De Chantier, deen den Dënschdeg ugefaangen huet, dauert zwee Joer. Vu September 2021 un dierft den Tram dann iwwer d'Bréck a Richtung vun der zukünfteger Nationale 3 fueren. D'Bréck soll sechsspuereg ginn. Dobäi kommen den Tram a Vëlosweeër op den zwou Säiten. Parallel dozou gëtt iwwerdeems d'Houwalder Gare ausgebaut. D'Rue des Scillas um Houwald gëtt bis zur Cloche d'Or hi méi breet. Geplangt ass, datt eng Rei Aktivitéiten delokaliséiert ginn, ënner anerem och Bétons Feidt.

Carole Schimmer / cz

Construction site with cement mixer and blue sky
Foto: Bigstock / RobWilson

D'Nationale 3 soll d'Diddenuewener Strooss entlaaschten an d'Verbindung tëschent der Gare an der Cloche d'Or erméiglechen. Deen Ament gëtt och un der Verbreederung vun der Rue des Scillas geschafft, an där et eng Rei Geschäfter ginn, grad wéi Bétons Feidt. Geplangt ass datt de Bétons Feidt plënnert, seet de Mobilitéitsminister François Bausch. Et hätt een och schonn zesumme mat Bétons Feidt een appropriéierte Site fonnt.

"Mee dat musse si elo selwer kucken, a wéi engem Phasage si dat maachen. D'Bereetschaft fir vun där Säit eppes ze maachen ass awer do, fir d'Strooss méi breet ze maachen. Dat wat mir do brauchen, eis dat ze ginn, dat ass keen Thema", sou de François Bausch.

Wunnraum, Büroen an nei Busgare

Bis elo besteet eng Konventioun mat engem Proprietär, wéinst dem Terrain, dee fir déi Aarbechten néideg ass. Mat deene Meeschte ginn et scho gutt Gespréicher, esou de François Bausch. Op deenen Terraine soll an der Héicht gebaut ginn, nieft Wunnraum sollen och Büroen entstoen.

Den Ausbau vun der Gare um Houwald ass ee weidere grousse Chantier, dee bis 2023 ganz fäerdeg soll sinn, esou de François Bausch. "D'Gare Howald selwer, den zousätzleche Quai, mat all de Gebaier uewendriwwer. Do gëtt enorm gebaut, och mat enger Busgare a sou weider. Um Houwald kënnt och eng Busgare, Richtung Héicht Bouneweg", sou de François Bausch.

Just nieft der Gare um Houwald soll och een neie Lycée, de Lycée technique du Centre, hikommen. Bâtiments publics wier am Gaangen en Avant-projet détaillé auszeschaffen. "Mir hunn eis fir déi Plaz entscheet, well de Lycée do ganz no bei enger Gare leit." Den neie Lycée dierft bis 2027 fäerdeg gebaut sinn.


De Panorama-Bäitrag vum Carole Schimmer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Chantier.JPG
Aarbechtsaccidenter

Ronn 27.000 Persoune blesséiere sech all Joer zu Lëtzebuerg op der Aarbecht. Dorënner sinn och regelméisseg Doudesfäll. Zanter Jore bleift dës Zuel konstant héich. Wat si méiglech Léisungen?

jean-marc kieffer.JPG
Bausecteur

Datt de Moment vill am Land gebaut gëtt, wëll net onbedéngt heeschen, datt et den Entreprisen am Bau och gutt geet. Dat seet den neie President vum Groupement des entrepreneurs, Jean-Marc Kieffer.

Laura Zuccoli Meenung
Sécherheet

Dëst Joer goufen et zu Lëtzebuerg schonns néng déidlech Aarbechtsaccidenter. Wieren dës Aarbechter Wieler, géife mir da grad esou liichtfäerteg mat der Situatioun ëmgoen, freet d'Laura Zuccoli.

Fluchpist
Findel

D'Fluchpist um Findel soll sanéiert ginn. 2017 sollen d'Viraarbechte lass goen. Et gëtt mat engem groussen Impakt op de Fluchverkéier gerechent.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen