Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Transparenz a Souveränitéit op Lëtzebuergesch

Chronik

Transparenz a Souveränitéit op Lëtzebuergesch

Lëtzebuerg geet dëst Joer mat 57 Lëtzebuerger Publikatiounen op d'Frankfurter Buchmesse. De Kulturministère huet sech fir d'Realisatioun agesat, zu senge Konditiounen. Et bleiwen awer Froen op, op déi een net esou einfach Äntwerte ka kréien. Wou ass do de Problem, freet sech d'Valerija Berdi.

auto_stories

3 min

Valerija Berdi

No laanger Absence an engem extrem diskreten Optrëtt d'lescht Joer ass Lëtzebuerger Literatur dësen Oktober, wéi elo decidéiert, mat viraussiichtlech 57 Bicher op der Frankfurter Buchmesse vertrueden.

Et ass de Kulturministère, deen dëst Evenement, dat laang erwaart gouf, initiéiert huet, an et elo och finanzéiert a realiséiert.

Wessen Brot ich ess, dessen Lied ich sing, seet en aalt Spréchwuert, dat och an dësem Fall senger Bedeitung all Éier mécht.

D'Editiounshaiser waren am Mäerz op enger Konferenz an an engem Communiqué dozou opgefuerdert ginn, hir rezent Publikatiounen eranzeschécken an e Jury sollt dann op d'mannst 30 Wierker eraussichen, déi op den 48m2 Stand an der Hal 4.1 vum 10. bis de 14. Oktober de Leit vum Fach an uschléissend dem grousse Public exposéiert ginn. E Koordinatiounsgrupp sollt dono dann den definitive Choix festleeë. Alles ganz onofhängeg an demokratesch.

Alles schéin a gutt, mee da kënnt e Fait an d'Spill, dee sech dacks als en Obstakel erausstellt: Mir sinn zu Lëtzebuerg.

E klengt Land, wou net just jiddweree jiddereen och kennt, mee wou sou Muencheree mat ganz villen Identitéiten ze kämpfen huet.

Virun allem am Literaturbetrib schéngt sech en Amalgamm ze konzentréieren, deen net grad fir Transparenz a Souveränitéit garantéiere kann.

Et ass scho mat der Informatiounskonferenz vum Kulturministère lass gaangen, wou déi Concernéiert ageluede waren. Mat Concernéierte sinn d'Auteuren an Editeure gemengt gewiescht, d'Press war do u sech ausgeschloss. Mee wéi vill vun eisen Auteure sinn awer och Journalisten?

Déi als Schrëftsteller invitéiert waren, mee net hunn dierften driwwer beriichten?

Kann een déi eng Kap einfach ausdoen a vergiessen?

Méi krass gëtt et awer, wann ee sech dann de Koordinatiounsgrupp, deen déi definitiv Decisioun iwwer de Choix vun de Bicher hëlt, déi mat op Frankfurt ginn, ukuckt.

Do setzen Auteuren a virun allem Editeuren dran, deenen hir Bicher mat zur Auswiel stoungen a wat dann de Combel ass, wann een d'Lëscht vum 1. Jury vergläicht an dann déi endgülteg Lëscht kuckt, da stellt ee fest, datt do zwee Bicher derbäi koumen, déi dann och grad am Verlag vun engem Member vum Koordinatiounsgrupp publizéiert goufen, an dat alles, ouni datt de Jury iwwerhaapt driwwer informéiert gouf.

An dann: Déi eng ginn net ausgesicht, anerer zéie sech dorops aus Solidaritéit zeréck, et liest ee Kommentaren op Facebook, et kritt een als Journalist skurril Mailen, déi mat engem Pseudonym ënnerschriwwe sinn, an da probéiert een op all déi Froen eng Äntwert ze kréien a mécht dat, wat e Journalist an engem demokratesche Land esou mécht: Et freet een um Kulturministère en Interview un. Mee do gëtt een da guer net mat oppenen Äerm empfaangen, mam Saz: Et wier dach alles kloer, gëtt mol probéiert ofzewimmelen a wann ee mengt, dat wier guer net esou, gëtt ee gebieden, d'Froen eranzeschécken. Keng Zouso fir en Interview. Obwuel de Ministère zesumme mat der Agence luxembourgeoise d'action culturelle zesummeschafft an eng Madamm extra fir d'Koordinatioun vum Lëtzebuerger Stand agestallt gouf, krut ech keng Erlaabnis, mat hir en Interview ze maachen.

Wisou sinn op der Lëscht Bicher, déi virum Oktober 2016 publizéiert si mat drop, obwuel dës Deadline kloer definéiert war?

Wisou si Bicher mat drop, déi eréischt am Laf vum Summer oder souguer eréischt am Oktober publizéiert ginn? Wéi ass do iwwer Bicher decidéiert ginn, déi nach guer net existéieren?

Wisou si Bicher net derbäi, déi alle Kritären entspriechen, vum Publikatiounsdatum bis Qualitéitsgarantie, net op der Lëscht ze fannen?

Wisou ass de Ministère net bereet, dës dach einfach Froen ëffentlech ze beäntwerten?

Honi soit qui mal y pense.