Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Transparenz geet anescht

Auslandschronik

Transparenz geet anescht

De Martin Selmayr, fréiere Chef de Cabinet vum Jean-Claude Juncker, ass zanter dem éischte Mäerz Generalsekretär an der EU-Kommissioun an domat de Chef vun iwwer 30.000 EU-Beamten. Den éiergäizegen däitsche Jurist ass allerdéngs ëmstridden a gëllt als Kontrollfreak. D'Aart a Weis, wéi hien zu deem neie Poste koum, geheit Froen op.

auto_stories

4 min

De fréiere Lëtzebuerger Premier stéiert et net, esou ee staarke Mann, wéi de Martin Selmayr, hannert sech ze hunn. Ee Mann, deen den Apparat zu Bréissel am Grëff huet. Mee déi Blëtz-Carrière, déi de 47 Joer ale Martin Selmayr elo gemaacht huet, werft Froen op, déi fir de Jean-Claude Juncker net agreabel sinn. Fir ze verstoen, ëm wat et hei geet, muss een e klengen Historique vun där remarkabeler Promotioun maachen.

Réckbléck

Den 31. Januar huet d'Kommissioun de Poste vum Secrétaire général adjoint ausgeschriwwen. De Martin Selmayr huet sech gemellt. Hien huet eng intern Prozedur duerchlaf a souz schonn den 20. Februar beim EU-Kommissair Günther Oettinger, dee fir d'Ressources Humaines zoustänneg ass, am Interview. Deen eenzegen anere Kandidat hat seng Kandidatur direkt nees zeréckgezunn. Esou wäit leeft alles bal normal. Elo awer kënnt ee Moment an der Geschicht, deen irritéiert.

Aus engem net ëffentleche Memo vun der Kommissioun geet nämlech ervir, datt de Günther Oettinger kuerz virun deem Virstellungsgespréich informéiert gouf, datt den aktuelle Generalsekretär, den Alexander Italianer, Wëlles hätt, zeréckzetrieden an de Jean-Claude Juncker de Martin Selmayr fir dee Poste géif virschloen. Aus dem Interview mam Kandidat fir den Adjoint gouf also op bemol ee fir de Chefposten.

Dat war séier gaangen

Wat de Martin Selmayr dozou sot, wësse mir net. De Günther Oettinger war d'Accord mat der Propos vum Jean-Claude Juncker. Dat sot hie spéider. Déi aner EU-Kommissären awer haten näischt matkritt vun där Entwécklung. Si hunn an hirer Sitzung deen Dag drop, am Kader vun enger ganzer Rei neien Nominéierungen, de Martin Selmayr ganz ahnungslos als Secrétaire général adjoint nominéiert.

Elo gëtt et richteg komesch: No der Nominatioun huet an där nämmlechter Reunioun op emol den aktuelle Generalsekretär Italianer säi Récktrëtt annoncéiert, an de Jean-Claude Juncker huet direkt de Martin Selmayr als deem säi Nofolger proposéiert. Woumat déi 27 EU Kommissären alleguerten d'Accord waren. Sou koum et, datt de Martin Selmayr, Minutten nodeems hien Adjoint gouf, zu sengem eegene Chef, also Secrétaire général ernannt gouf. Dat war séier gaangen.

"Alles no de Regelen ofgelaf"

Et wier alles strictement no de Regelen ofgelaf, sote Spriecher vun der Kommissioun op déi sëllech Froe vu Journalisten an den Deeg dono. Et koum ee sech lues a lues e bësse veräppelt vir.

Well de Jean-Claude Juncker dorop gehalen huet, d'Nouvelle vun der Promotioun vu sengem Kabinettschef héchstperséinlech matzedeelen, koum hien iwweraschenderweis an zimlech kuerzfristeg an de Pressesall vun der Kommissioun. Dat ass soss net seng Manéier. Do huet hien awer nëmmen d'Halschent vun der Geschicht erzielt. D'Detailer iwwert déi ganz Prozedur sinn eréischt no zéie Recherchen erauskomm.

Zum Beispill, datt de Martin Selmayr aus interne Carrièrë-Grënn net hätt kënnen direkt op deen héije Poste vum Secrétaire général wiesselen. Den Trick vum Adjoint huet dat par konter méiglech gemaacht. Hien hätt scho laang vun der Demissioun vum Alexander Italianer gewosst - mee hie wier deen Eenzegen an der Kommissioun, dee Geheimnisser fir sech hale kéint, sot de Jean-Claude Juncker.

Tuyau vum Kommissiounspresident?

Stellt sech natierlech d'Fro: Krut net awer de Martin Selmayr een Tuyau vum Kommissiounspresident? Ganz fair par Rapport zu anere Kandidate wier dat net. Et stelle sech nach eng Rëtsch aner Froen: Firwat huet alles missen esou séier goen? Firwat gouf déi Plaz net ausgeschriwwen?

Esou ee wichtege Posten dierft net laang eidel bleiwen, esou d'Begrënnung vun der Kommissioun. Séier schéin a gutt - mee muss dat bannent Minutte geschéien? Mat esou Aussoen - an där gouf et nach méi - riet ee sech ëmmer méi an e Schlamassel eran.

Iwwereg bleift de Verdacht, datt de Jean-Claude Juncker sengem Chef de Cabinet mat Zäiten ee méi laangfristege Posten assuréiere wollt, ier säi Mandat d'nächst Joer op en Enn geet. Et läit a senger Muecht, dat ze maachen. Mee d'Kommissioun als Institutioun an och hire President hu sech duerch esou ee Verstopjespille keen Déngscht geleescht. Transparenz geet anescht - egal, ob ee sech un d'Regelen hält, oder net.