Sozialdialog D'Tripartie geet an déi nächst Ronn

Bei dëser Ronn wier et néideg d'Joer 2024 ze preparéieren. Déi warscheinlech Index-Tranche vun Enn 2023 soll der Gewerkschaft no cibléiert kompenséiert ginn. Den OGBL wier net bereet, hannert den Tripartite-Accord vum leschte September ze goen, mat de Mesuren, déi bis d'Enn vun dësem Joer gëllen.

Serge Kesseler / ll

Tripartite 19 Sept 2022
Foto: SIP / Luc Deflorenne

Lauschteren


D'Regierung hat um Dënschdeg ugekënnegt, datt an der Tripartite e Phasing Out vun de Mesurë géint d'Inflatioun soll ënnersicht ginn. Donieft wéilt si d'Modalitéite vun der Kompensatioun vun der warscheinlecher Indextranche vun Enn 2023 mat de Sozialpartner diskutéieren.

OGBL wëllt keng Manipulatioun vum Index zouloossen

"Mir hu schonn déi lescht Indextranche selwer bezuelt, wärend aacht Méint Kaddoe gemaach, un alleguerten d'Entreprisen zu Lëtzebuerg, flächendeckend a mat der Géisskan", ënnersträicht d'Presidentin vum OGBL. D'Nora Back widderhëlt och, datt hir Gewerkschaft keng Manipulatioun vum Index wéilt zouloossen.

Wat déi drëtt Indextranche ubelaangt, sollt d'Regierung déi Kéier deene Betriber cibléiert hëllefen dës Tranche auszebzuelen, déi soss wierklech a Schwieregkeete gerode géifen.

Kompensatioun vun der Indextranche

Den Direkter vum Patronatsverband UEL warnt an deem Kontext vun engem méiglechen "Inflatiounsschock".

"Wann déi Hëllefen, déi momentan en Place sinn an och déi Elementer par Rapport zu der TVA elo Enn vun dësem Joer auslafen, da féiert dat natierlech zu engem mechanesche Präis-Ustieg Ufank d'nächst Joer an dat kéint natierlech zum Inflatiounsschock féieren, deen de STATEC ugeschwat huet.

Déi nächst Tripartite misst Mesuren decidéieren, déi dës negativ Effekter absorbeieren, esou de Jean-Paul Olinger.

Den UEL-Direkter rechent domat, datt d'Regierung zäitno confirméiert wéini déi nächst Tripartite-Ronn wäert zesumme kommen. Der OGBL-Presidentin Nora Back no géif et nach kee festen Termin ginn: et hätt een awer matgedeelt kritt, datt d'Tripartite an der zweeter Hallschent Mäerz soll zesumme kommen.

Méi zum Thema

Nora Back 2
Upassunge bei de Steieren

De Budgetsdefizit, deen 2022 ronn 500 Milliounen manner grouss ass wéi erwaart, géif dat confirméieren, wat den OGBL ëmmer gesot hätt: De Steiersystem ass net gerecht a belaascht d'Leit onnéideg.

Nora Back
Tripartite

Bei den Tripartitesgespréicher ass keen Accord a Siicht, seet d'Nora Back vum OGBL am Virfeld vun der zweeter Verhandlungsronn. D'Positioune vu Patronat a Gewerkschafte géife "Welten ausernee leien".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen