Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tripartite: Falscht Präissignal?

Chronik

Tripartite: Falscht Präissignal?

Déi nei Hëllefsmesüre fir d'Stéit an d'Betriber, déi an der Tripartite decidéiert goufen, sinn op den éischte Bléck ganz interessant. Mee d'Präisbrems op der Energie dierf kee falscht Signal si fir net missen ze spueren, mengt de Jean-Claude Franck.

auto_stories

3 min

Simon: Fir d'Chronik vun haut kënns du zur Konklusioun, datt d'Tripartite e séieren Accord fonnt huet, deen op den éischte Bléck ganz interessant ass?

Jean-Claude: TVA ëm ee Prozentpunkt reduzéieren, d'Hausse vun de Gaspräisser fir d'Clienten offiederen, d'Stroumpräisser afréieren, e staatleche Rabatt um Heizungsmazout: Alles dat féiert dozou, datt och d'Inflatioun zu Lëtzebuerg däitlech kéint ausgebremst ginn. Et gouf hënt virun der Press gesot, de Statec géif fir dëst an d'nächst Joer just nach mat enger Indextranche rechnen, zousätzlech zu där, déi schonn erfall ass, mee verréckelt gouf. Ouni d'Mesuren aus der Tripartite wieren am héchsten Zenario am selwechten Zäitraum bis zu véier weider Indextranchen erfall. Wann also mat de Mesuren dräi Indextranche manner erfale wéi am héchsten Zenario, dann hu se ee ganz däitlechen Impakt op d'Präisdeierecht.

Da brauche mer eis also keng Suerge méi ze maachen?

Esou einfach ass et dann awer net. D'Energiepräisser sinn elo scho ganz héich par Rapport zu de Präisser, déi mer virun e puer Joer haten. Wann all weider Präishausse vu méi wéi 15 Prozent elo vum Staat iwwerholl gëtt, dann ass de Gas-Präis awer nach ëmmer ganz héich. Donieft muss een d'Rechnung bezuelen, an dat ass de Staat. Also d'Steierzueler. Déi Suen, déi de Staat elo ausgëtt, fir datt mir all net nach méi fir Energie bezuele mussen, ginn also an engem solidareschen Effort finanzéiert. Wann de Steiersystem gerecht wier, an do gëtt et sécher nach Sputt no uewen, da kéint ee soen: Déi breet Schëlleren droen hei méi dozou bäi. Mee sécher ass: Déi Suen, déi de Staat heifir ausgëtt, nom Tankrabatt an no der aktueller Indexkompensatioun aus der Tripartite vum Mäerz, wäerte fir aner Saache feelen.

Mee mir soten et schonn: De Mesurëpak wäert d'Inflatioun ausbremsen. De Premier Xavier Bettel huet vun engem Anti-Inflatiounspak geschwat. Dat ass jo elo an dëser Krisesituatioun dat Wichtegst?

Jo, wann de Marché esou iwwerhëtzt ass, wéi aktuell, da wäerten déi Mesurë bis op Weideres dozou féieren, datt manner Drock op de Präisser ass, an datt d'Inflatioun sech berouegt. Lëtzebuerg kann - wéi schonn an der Pandemie - frou sinn, datt d'Staatsfinanzen esou gutt sinn, datt de Staat kuerzfristeg däitlech Mesuren huele kann. An trotzdeem huet dee sougenannten Anti-Inflatiounspak ënner Ëmstänn een Hoken...

... An dee wier?

Et ass ënner Ëmstänn e falscht Signal, dat mir als Bierger kréien. Inflatioun huet vill mat Offer an Demande ze dinn. Wann d'Energie am Moment a risege Quantitéiten disponibel wier, da wieren d'Präisser net sou héich. E Beispill: Well Russland quasi kee Gas méi un Europa liwwert, Europa awer voll am Gaangen ass seng Gasspäicher opzefëlle fir de Wanter, gëtt et manner Offer, a méi Demande. An d'Präisser explodéieren.

Eng staark Inflatioun berouegt sech normalerweis, wann d'Demande wéinst den héije Präisser erofgeet. Jo, dat kann eng Rezessioun mat sech bréngen, mee et féiert eben och dozou, datt d'Leit an d'Betriber spueren. An dofir Drock aus dem Kessel geholl gëtt. Wann de Staat lo seet: Maacht Iech keng Suergen, mir komme fir weider Präishaussen op, da kéinten d'Bierger an d'Betriber dat esou verstoen, datt se manner spuere mussen an d'Demande domat méi héich bleift. An d'Inflatioun dowéinst awer net esou staark ofhëlt. Wa mer wierklech wëllen Drock eraushuelen, da musse mer also weider Energie spueren, an zwar esou staark wéi et geet. Et ass net nëmme kuerzfristeg fir d'Inflatioun wichteg. Et ass och laangfristeg wichteg, well mir mussen eis wéinst der Klimakatastroph souwisou ëmstellen.

Eng Chronik vum Jean-Claude Franck iwwert den Tripartite-Accord, deen hënt tëscht Regierung, Gewerkschaften a Patronat fonnt gouf.