Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dandelion Head - Love On Your Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Solidaritéitspak" vun 830 Milliounen Euro

Sozialdialog

"Solidaritéitspak" vun 830 Milliounen Euro

Et ass dat iewescht Zil den Index-System als Garant fir de soziale Fridden ze erhalen: Dat huet de Premier Xavier Bettel de Mëtteg an der Chamber gesot, an der Regierungs-Deklaratioun iwwer d'Resultater vun der Tripartite.

auto_stories

4 min

Lauschteren: Deklaratioun an der Chamberplay_arrow

Duerch déi geplangte Mesurë wéinst der héijer Inflatioun an den héijen Energiepräisser wäert all Haushalt méi Kafkraaft hunn, huet de Regierungschef versprach. Fir d'Verréckele vun den Indextranche sollen et - Zitat - "substantiell Kompensatioune ginn":

"Et ass kengem vun ons liicht gefall fir d'Verréckele vun enger Index-Tranche ze abordéieren. Mee am Endeffekt ass et alternativlos, wa mir eise Wirtschaftsstanduert an och zéngdausenden Aarbechtsplaze wëllen och hei erhalen."

D'Tripartite wier dem Xavier Bettel no net gescheitert: 4 vu 5 Acteuren hätten een Accord fonnt, fir een - Zitat - "Solidaritéitspak" vun 830 Milliounen Euro. Hie géif bedaueren, datt mam OGBL eng Gewerkschaft net prett gewiescht wier fir den Accord matzedroen, mee hie wier awer houfreg, datt d'Motioun fir d'Ëmsetzen vum Accord mat 52 Stëmmen an der Chamber gestëmmt gi wier, sou de Xavier Bettel.

D'Evolutioun vun den Energiepräisser géif d'Stéit an d'Betriber virun Erausfuerderunge stellen an Angscht maachen, sou de Premier. "Eng ganz Rëtsch vu Betriber" hätt dräi Indextranchë bannent zéng Méint net gepackt. An exzeptionelle Situatioune missten exzeptionell Mesurë geholl ginn.

Debat an der Chamber

Am Debat an der Chamber sot den Deputéierte vun der Piratepartei, de Sven Clement, et wier "liichtsënneg an oniwwerluecht" ze behaapten, datt d'Verréckelen vun der Indextranche alternativlos wier. Hien zweiwelt och dorun, datt jidderee méi Kafkraaft soll kréien:

"Mee wa mer dat einfach duerch rechnen, kommen ech nach eng Kéier zum Schluss, datt mer hei Leit ab 3.500 brutto de Mount bei d'Lisette loossen. Do maache mer Indexklau."

D'CSV-Fraktioun huet hir grondsätzlech Zoustëmmung fir de Mesurëpak ugekënnegt. Dozou sot Co-Fraktiounschef Gilles Roth:

"Mir sinn der Meenung, dass een Indexsystem muss voll a ganz zum Droe kommen, a gudden Zäiten. Mir soen awer och grad esou kloer, dass e Verréckele vum Index muss méiglech sinn an der Zäit, wann et dem Land net gutt geet."

Den LSAP-Fraktiounschef Yves Cruchten huet däitlech gemaach, datt et fir hien a seng Partei net einfach wier, een Accord mat ze droen, deen net vun alle Partner ënnerschriwwe gouf.

Der Regierung hir Iddi fir a Saachen Index eng Léisung bis 2024 ze fannen, wier dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser no, e klore Versuch fir de Walkampf 2023 un der Sozialfront roueg ze halen.

Patrick Dury: Tripartitesmodell huet sech behaapt

Änlech Téin wéi vum Premier ginn et vum LCGB-President Patrick Dury: Den Tripartitesmodell hätt sech behaapt an den Indexmechanismus wier confirméiert ginn, och wann e liicht ajustéiert gi wier.

Lauschteren: Patrick Dury iwwer Tripartite-Accordplay_arrow

Déi decidéiert Mesurë géife Stéit mat manner Akommes "ganz staark" ënnerstëtzen an den Accord kéint nach ugepasst ginn, wa sech déi ekonomesch Realitéiten nach weider géife verschlechteren.

Hëllefen fir Betriber annoncéiert

Et wier wichteg gewiescht fir cibléiert Mesuren ze ergräifen, seet den UEL-President. Hie begréisst, datt d'Erfale vun der nächster Indextranche reportéiert ginn ass, dat géif auslännesch Entreprisen déi néideg ekonomesch Sécherheet a Previsibilitéit ginn.

D'Yuriko Backes, de Franz Fayot an de Serge Allegrezza. Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Energieintensiv Entreprisë sollen am Kader vum Solidaritéitspak Deeler vun hire Stroum- a Gaspräisser kompenséiert kréien: dorënner fale Betriber bei deenen d'Energiekäschten 3 oder méi Prozent vum Chiffre d'Affaire ausmécht, huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot op enger weider Pressekonferenz erkläert.

Lauschteren: Franz Fayot iwwer nei Mesurenplay_arrow

Fir Firmen, déi net an dëse Krittär falen, awer ënner den héijen Dieselpräisser géife leiden, wéi den Transportsecteur, géif eng aner Aide ausgeschafft ginn.

Doriwwer eraus wëll de Staat, änlech wéi bei Covid-19 eng Garantie bei Prête bei de Banke ginn. D'Enveloppe vun där Aide läit bei 500 Milliounen Euro, esou nach de Franz Fayot.