Gesondheetssecteur Triple Epidemie an de Klinicken: Spideeler ënnerschiddlech staark belaascht

Zënter e puer Wochen ass an de Medië vun enger sougenannter "dräifacher Epidemie" riets. Europawäit gesi sech Klinicke mat Covid-19, Bronchiolitis a Gripp-Fäll konfrontéiert. D'Belaaschtung an de Spideeler ass den Ament awer ënnerschiddlech.

Sophie Schroeder / cz

Klinik
Foto: Miguel Ausejo / unsplash

Lauschteren


An den Hopitaux Robert Schumann sinn d'Passagen an den Urgencen an d'Hospitalisatioune weider héisch. An de vergaangene Jore wier dem Flegedirekter Christian Kirwel no an der Vakanzenzäit d'Aktivitéit an de Spideeler ëmmer erof gaangen. Dat wier dëst Joer awer net de Fall gewiescht. Ee groussen Deel vun de Patiente sinn eeler Leit, déi mat Otemweeerkrankungen an d'Klinicke kommen. Den héijen taux d'absentéisme beim Personal géing zousätzlech zu enger grousser Belaaschtung bäidroen, seet de Christian Kirwel.

Momentan wier een zu ronn 90 Prozent ausgelaascht. An den Urgence géif een an "noramale Spëtzenzäiten" iwwer 200 Leit gesinn.

"Also ech well domat soen, dass mir quasi hei an enger Vakanzenzäit sinn, wou et normalerweis méi niddereg ass. An elo si mir awer a regulären Zuelen."

Stabel Situatioun am CHEM

Anescht gesäit et am Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch aus. Do wier de Peak schonn iwwerstanen, sou den Dokter Romain Schockmel vum CHEM. Et wieren den Ament all Dag am CHEM tëschent zéng an 20 Patienten, déi Covid-positiv sinn. D'Situatioun wier deemno stabel. Och wat d'Gripp an d'Bronchiolitten ubelaangt géif ee lues a lues erëm an den gewinnte Rhythmus iwwergoen.

"Mir waren um Maximum ukomm, wéi gesot vun enger Pédiatrie de proximité, dat ass net eng Pédéatrie aigue. Mir hunn eis e bëssen opgestockt mat Monitoringen, déi et erlabt hunn, stabel Patienten an VRS-Kanner ze survéiéieren."

Eischt Ulafstell ass den Hausdokter an d'Maison Médicale

Am Moment wier quasi kee Kand méi am CHEM hospitaliséiert. Datt een Deel vum Personal krankheetsbedéngt ausfält hätt den Ament och nach keng gravéierend Auswierkungen op de Fonctionnement vum Centre Hospitalier zu Esch, sou nach den Dokter Romain Schockmel.

Gerode gëtt nach ëmmer, am Krankheetsfall bei den Hausdokter oder an eng Maison Médicale ze goen - an net an éischter Instanz an d'Urgence ze goen.

Méi zum Thema

Eng kleng Patientin gëtt wéinst Bronchiolite behandelt
Wéinst Bronchiolitten

D'Situatioun an der Kannerklinik bleift ganz ugespaant wéinst de Bronchiolitten. Hei hätt een déi héchsten Zuele vun den leschten zéng Joer, esou d'Isabel de la Fuente, Doktesch an der Kannerklinik.

Bronchiolitten
Opruff vun der Lëtzebuerger Société de Pédiatrie

D'Lëtzebuerger Société de Pédiatrie mécht en dréngenden Appell un d'Elteren, hir kleng Kanner beschtméiglechst virun enger Bronchiolitten-Infektioun ze schütze fir d'Klinicken ze entlaaschten.

Meedchen dat inhaléiert
Respiratoresche Synzytial-Virus

Den Ament ginn aussergewéinlech vill kleng Patiente mat enger Bronchiolite an der Kannerklinik behandelt, d'Fäll sinn och héich uechter ganz Europa. Eng nei präventiv Behandlung suergt awer fir Hoffnung.

Dr. Isabel De La Fuente Garcia
Kannergesondheet

De CHL huet decidéiert der Pediatrie aacht zousätzlech Better zur Verfügung ze stellen. D'Kannerklinik soll domat op eng eventuell Covid-Well preparéiert ginn, sou d'Dokter Isabel de la Fuente.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen