Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tropestierm am Atlantik, Pazifik, indeschen Ozean a Mëttelmier

Reen a Bou

Tropestierm am Atlantik, Pazifik, indeschen Ozean a Mëttelmier

Virun allem an de Summerméint Juli an August, mee och nach bis an den Oktober eran, héiert een an eisen Noriichten ëmmer emol erëm eppes iwwer se: tropesch Wirbelstierm. De Philippe Ernzer erkläert dës Naturgewalten a virun allem kuckt hien, wéi se iwwerhaapt entstinn.

auto_stories

6 min

En tropesche Wirbelstuerm ass e grousst Déifdrockgebitt, ëmgi vu ville staarke Schaueren an Donnerwiederen. Nieft enorme Reequantitéite produzéieren dës Naturgewalte virun allem richteg staarke Wand, deen all Joers leider fir vill Doudesaffer a grousse Schued suergt.

Vu Juni bis an den Hierscht eran ass Haaptsaison vun den tropesche Wirbelstierm, virun allem am Atlantik an och am westleche Pazifik. Am nordëstleche Pazifik trieden se tëschent dem 15. Mee an dem 30. November op. Iwwer dem nërdlechen indeschen Ozean forméiere se sech vum Abrëll bis an den Dezember eran.

Erreecht de Wand vun engem tropesche Stuerm an der Moyenne eng Vitess vun iwwer 118 km/h, da gëtt an Amerika vun engem Hurrikan geschwat. Obwuel sou een Tropestuerm vum Opbau hir iwwerall ähnlech ausgesäit, gi se net an all Géigend vun der Welt d'selwecht genannt. Am Oste souwéi och am Südoste vun Asien an och am nordwestleche Pazifeschen Ozean, nërdlech vum Äquator, ginn d'Wirbelstierm Taifun genannt.

Am südleche pazifeschen Ozean, dem indeschen Ozean an am arabesche Mier schwätzt ee vun engem Zyklon. Dëst gëllt iwwregens och fir d'Géigenden, déi am indeschen Ozean südlech vum Äquator leien, wéi z. B. Mauritius, Madagaskar oder un der afrikanescher Ostküst.

Souguer iwwer dem Mëttelmier kann et mol virkommen, datt e Wirbelstuerm entsteet. Dës ginn och nach Medicane genannt a kënne statistesch gesinn eemol am Joer entstoen. Dës Stierm gehéieren awer net wierklech zu de tropesche Wirbelstierm, mee sinn als subtropesch Stierm ze gesinn.

Konditioune fir d'Entstoe vun dëser Naturgewalt

Éier mir eis ukucken, wéini d'Tropestierm en Numm kréien, a wéi se de verschiddene Stäerkten zougewise ginn, kucke mir op d'Aart a Weis, wéi dës Naturgewalten iwwerhaapt entstinn.

Eng vun de Konditiounen, déi erfëllt musse sinn, fir datt en tropesche Wirbelstuerm entsteet, ass eng héich Waasseruewerflächentemperatur vun de Mierer. D'Temperatur muss mindestens 26,5 Grad hunn - an do läit de Grond, firwat d'Entstoe vun engem Tropestuerm an eise Breete bal onméiglech ass: d'Mier an eise Géigende gëtt ni esou waarm.

D'Waassertemperatur ass awer nëmmen eng vun e puer weidere Konditiounen. Fir datt et mam Entstoe klappt, däerf de Wand net ze staark sinn. En Tropestuerm forméiert sech meeschtens an de verschiddene Passatwandzone vun eiser Äerd. Forméiert sech e groussflächegt Donnerwieder iwwer dem Mier an de Passatwand ass ze staark, da kënnen d'Wolleke keng organiséiert Strukturen unhuelen. Se ginn einfach ewechgeblosen. Zousätzlech däerf d'Loft net ze dréche sinn, well dëst d'Wahrscheinlechkeet vun engem Tropestuerm staark verréngert. Ass d'Loft fiicht an de Wand ass éischter schwaach ënnerwee, da stinn d'Chance schonn däitlech besser.

Waarm Loft iwwer dem Mier klëmmt am grousse Stil no uewen - an zwar esou wäit, bis se op méi kill Loftmasse stéisst a kondenséiert. Et forméiere sech Schaueren an Donnerwiederen, dacks a Form vun engem grousse Klops. Déi Fiichtegkeet, déi an der Loft ass an nach net kondenséiert ass, klëmmt weider no uewen a kondenséiert eréischt méi spéit. Bis dohinner erreecht se eng Héicht vu bis zu 15 Kilometer. Iergendwann gëtt d'Loft, déi no uewe klëmmt ëmmer méi dréchen. Dës dréche Loft fléisst elo um Rand vum Schauer- an Donnerwiedersystem erëm no ënnen an iwwer en Ëmwee zeréck an den Zentrum vum Déifdrockgebitt, dat sech forméiert. Et entwéckelt sech also eng Aart Kreeslaf, deen de System um Liewen hält - mee dat geet nëmmen, wa stänneg genuch Fiichtegkeet an de System gezu ka ginn.

Eng ganz wichteg Roll spillt d'Géigend, wou dëse Prozess un d'Lafe kënnt. Fir datt sech wierklech e Wirbelstuerm forméiere kann, muss sech de System mindestens fënnef Breedegrade vum Äquator fort befannen. Soss kann d'Corioliskraaft vun der Äerd de System net a Rotatioun versetzen. D'Corioliskraaft gëtt duerch d'Rotatiounskraaft vun der Äerd ausgeléist. Dohier kann de Wand z.B. vum Äquator aus net riicht a Richtung Nordpol blosen, mee gëtt no riets ofgelenkt. Dat selwecht gëllt a Richtung Südpol, do gëtt de Wand no lénks ofgelenkt.

Net nëmmen d'Corioliskraaft ass wichteg. Am Zentrum vum zukünftegen Tropestuerm entsteet duerch de gerénge Loftdrock e Wirbel, deen d'Loft no bannen zitt. Zur selwechter Zäit gëtt et awer nach d'Zentrifugalkraaft, also d'Fléikraaft, déi d'Loft no baussen dreift. D'Zesummesetzung aus Corioliskraaft, der Wirbelbeweegung an der Zentrifugalkraaft bestëmmt, wéi staark d'Loftmassen an engem Tropestuerm ronderëm hir eegen Achs dréien.Am Zentrum vum Tropestuerm forméiert sech no enger Zäit dat berühmt A vum Stuerm. Dëst ass een tësche véier bis 200 Kilometer breede Beräich, wou et quasi wandstëll ass. Wann een am A drastoe géif, da géif ee ronderëm sech eng enorm Wollekemauer aus kräftegen Donnerwiedere gesinn. Dës Wollekemauer gëtt och nach Eye Wall genannt. An dëser Eye Wall ginn d'Loftmassen no uewe gezunn, um banneschte Rand vum A sickert d'Loft awer lues a lues of. Am A vun engem Tropestuerm ass de Loftdrock esou niddreg, datt e Barometer, wéi een en an all Buttek kritt, näischt méi uweist. Am Oktober 2005 konnt am Zentrum vum Hurrikan Wilma e Loftdrock vun 882 hPa festgestallt ginn - e Rekordwäert. Duerch den Ënnerdrock ka sech de Mieresspigel souguer ëm ee Meter hiewen, wat a Punkto Stuermflut och eng Roll spillt. An der Eye Wall trieden déi héchst Wandvitessen op.

Kategoriséierung vun de Stierm

Wéini kréien dës Tropestierm en Numm a wéi kënne se bestëmmte Stäerkten zougewise ginn? An Amerika gëtt et d'Saffir Simpson Skala, déi haaptsächlech am karibesche Mier, Golf vu Mexiko, Atlantik an am Nordostpazifik ugewant gëtt. Triede Wandvitesse vun 63 bis 118,5 km/h op, ass et en tropesche Stuerm. Soubal dësen eng mëttelst Wandgeschwindegkeet vun 118 km/h erreecht, kritt en en Numm a gëllt als Hurrikan vun der éischter Kategorie. Dës Kategorie geet bis 153 km/h, mee do ass nach vill Loft no uewen. D'Hurrikan-Skala geet nämlech bis fënnef. En Hurrikan vun der zweeter Kategorie produzéiert Duerchschnëtts-Wandvitesse vun 154 bis 177 km/h, een vun der drëtter Kategorie 178 bis 210 km/h. Spéitstens vun der véierter Kategorie un, wou an der Moyenne Wandvitesse vun 211 bis 249 km/h optriede, sollt net méi vill stoe bleiwen. Erreecht de Wand op d'mannst 250 km/h, da gëtt de Stuerm an déi fënneft a lescht Kategorie op der Saffir Simpson Skala klasséiert. Wéi scho betount, spillt bei de Kategorien nëmmen déi gemëttelt Wandvitess eng Roll. D'Wandstéiss kënne wäit doriwwer leien, wat dës Stierm nach ëmsou méi geféierlech mécht.

D'Saffir Simpson Skala war nach ni eng pur Wandvitesse-Skala. Vu 1973 bis 2009 gouf och nach de Loftdrock an déi potenziell Stäerkt vun enger Stuermflut mat an d'Kategorien abezunn.

Sou wéi d'Skala haut ass, ka se och fir d'Taifune benotzt ginn - just datt vun 241 km/h u vun engem Supertaifun geschwat gëtt. Bei engem Zyklon gesäit d'Skala e bëssen aneschters aus: bei Wandvitesse vun 63 bis 88 km/h gëllt hei schonn déi éischt Kategorie, déi zweet bei 89 bis 117 km/h, déi drëtt bei 118 bis 159 km/h an déi véiert vun 160 un bis 199 km/h. A vun 200 km/h ass et en Zyklon vun der fënnefter Kategorie.