Radioen

On air

Notturno  |  Oddisee - Hard To Tell

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz Aarbecht: Vill Leit ouni fest Doheem

CARITAS

Trotz Aarbecht: Vill Leit ouni fest Doheem

Ëmmer méi Leit hätten zu Lëtzebuerg keen Daach iwwer dem Kapp, obwuel se géinge schaffen. Dat schreift d'Caritas an hirem Communiqué am Hibléck op den Dag vun der Aarbecht, dem 1. Mee. Dat wiere Leit, déi all Moie géinge schaffe goen, an awer missten am Auto schlofen, an der Wanteraktioun oder an Urgencëstrukturen. Dat kéint an engem Land wéi Lëtzebuerg net méiglech sinn, kritiséiert déi politesch Spriecherin vun der Caritas Carole Reckinger.



auto_stories

2 min

Foto: Unsplash

Lauschterenplay_arrow


D'Mataarbechter vu Caritas Lëtzebuerg géinge reegelméisseg Leit untreffen, déi an där Situatioun wieren, erkläert d'Carole Reckinger.

"Déi Leit, déi mir op der Strooss untreffen, déi schaffen an awer keng Wunneng hunn, dat sinn oft Leit, déi fir sougenannten digital Plattforme schaffen oder och fir Interimsfirmen. Déi schénge besonnesch vulnerabel ze sinn an dësem Kontext."

Des Form vun Aarbecht misst onbedéngt iwwer ee Gesetz gereegelt ginn, fuerdert déi politesch Spriecherin vun der Caritas. Och a Saache Mindestloun misst et Ännerunge ginn.

"De Seuil, dee misst ausgerechent ginn iwwer de Budget de référence, deen eigentlech ausrechent, wéi vill ee brauch, fir zu Lëtzebuerg kënnen een dezent Liewen ze féieren. An de Mindestloun misst jo op deem Niveau leien, wa mir wëllen, datt Leit déi schaffen, och kënnen dovunner liewen."

CARITAS: Méi Urgencë-Wunnenge gi gebraucht

Fir dem Aarmutsrisiko entgéint ze wierken, kënnt een der Carole Reckinger no och net laanscht eng déifgräifend Steierreform. Wat de Logement ugeet sou misst een op kommunalem Niveau dofir suergen, datt méi Urgencë-Wunnengen zur Verfügung gestallt kënne ginn.

"Well et sinn och Leit, déi hate mol vläicht eng Wunneng, déi awer esou insaluber ass, datt se mussen erausplënneren. An da fanne se keng aner Wunneng méi zu deem selwechte Loyerspräis, an do sinn dann och oft ganz Familljen, déi op der Strooss landen."

Oft géing deene Leit dann näischt anescht iwwereg bleiwen, wéi Cafészëmmeren ze lounen, déi deels an engem ganz schlechten Zoustand wieren, seet déi politesch Spriecherin vu Caritas Lëtzebuerg. Mee och déi wieren ëmmer méi schwéier ze kréie wéinst der héijer Nofro u Wunnraum zu Lëtzebuerg.

De leschten Zuelen no gëllen zu Lëtzebuerg iwwregens Ronn 13 Prozent vun der aktiver Populatioun als "Working poor".