Radioen

On air

Notturno  |  Tele-Port - Reconnect

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz ongewëssem Ëmfeld: "Konstant Resultat" fir d'Joer 2022

Joresrapport vun der Spuerkees

Trotz ongewëssem Ëmfeld: "Konstant Resultat" fir d'Joer 2022

D'Spuerkeess huet d'Joer 2022 mat engem Netto-Benefice vu bal 235 Milliounen Euro ofgeschloss: dat war ee knappe Prozent manner wéi 2021. D'Bank schwätzt vun engem "konstante Resultat" an engem ongewëssen Ëmfeld, a weist sech ganz zefridde mat den Zuele fir dat lescht Joer.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den Netto-Benefice 2022 vun der Spuerkeess wier "remarkabel", well d'Resultat 2021 ëm 75 Prozent geklomme war, esou d'Generaldirectrice Françoise Thoma. Dësen Niveau hätt een d'lescht Joer kënnen halen, trotz den Ongewëssheeten.

Sou no um Client ewéi nach nie

Bei den Zënse géif et elo rëm eng Normalitéit ginn. D'Spuerkeess hätt hir Clienten op dat changéiert Zëns-Ëmfeld virbereet gehat. Et wier een esou no um Client wéi nach ni seet d'Françoise Thoma.

"D'Proximitéit zum Client ass eis extrem wichteg, grad an enger Zäit, wou awer verschidde Clienten, ob et elo Entreprisen oder Particulierë sinn, sech awer villäicht gewësse Froe stellen iwwer d'Zukunft, oder - an et gëtt och esou Fäll - gewësse Schwieregkeeten hunn."

Déi Responsabel vun der Bank wollten op Nofro keng Gréisstenuerdnung ginn, wéi vill Clienten an der Tëschenzäit Problemer hunn, hir Prêten zréckzebezuelen. Dozou de Member vum Direktiounscomité Romain Wehles:

"Jiddefalls haut gesi mir et net an de Chifferen, datt mir eng Progressioun hätte vun de Sursisen oder vun de Retarden."

Immobilie-Prêten: net méi Refuse wéi fréier

Bei der Nofro no Immobiliëprêten huet d'Generaldirectrice Françoise Thoma vun enger Baisse vu 40 Prozent geschwat, déi hir Bank zanter Enn vum Summer d'lescht Joer géif feststellen.

"Wou mir awer wierklech wëllen ënnersträichen, mir hunn net bei eise Conditions d'attribution des crédits un der Schrauf gedréit. Dat heescht eis Critèrë sinn net verschäerft ginn."

Der Françoise Thoma no géifen et bei der Spuerkeess bei den Immobilie-Prêten net méi Refuse wéi fréier ginn.

Doriwwer eraus ass virgesinn, datt de Staat als eenzegen Aktionär vun der Bank fir 2022 eng Dividend vu 60 Milliounen Euro kritt.

D'Spuerkeess hat Enn vum leschte Joer ronn 1.850 Leit Personal.