Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz TVA-Baisse: Präisser kéinte weider klammen

Handelsconfederatioun

Trotz TVA-Baisse: Präisser kéinte weider klammen

Trotz der Baisse vun der TVA vun engem Prozent op den 1. Januar wäerten d'Präisser och an Zukunft weider klammen. Der Meenung ass den Tom Baumert, Direkter vun der Handelsconfederatioun CLC.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / fabiocamandona2

Lauschterenplay_arrow


Fir de Moment wier d'Baisse, déi bei den Tripartiteverhandlungen am Mäerz festgeluecht ginn ass, virun allem eng Mesure, fir datt d'Präisser manner séier klamme sollen. Wéi vill de Konsument schlussendlech dovunner géing matkréien, wier schwéier ze soen, sou den Tom Baumert.

Dräi vu véier Tauxe falen ëm ee Prozentpunkt

Op den 1. Januar sinn dräi vun de véier verschiddenen TVA-Tauxen ëm ee Prozentpunkt erofgesat ginn. Just den Taux super-réduit bleift onverännert bei 3 Prozent. Dat ass den Taux, den ënner anerem fir Liewensmëttel gëllt.

Mee och bei de Produiten an Déngschtleeschtungen, déi betraff sinn, wäert de Konsument kee groussen Ënnerscheed am Präis mierken. Dat seet den Tom Baumert, Direkter vun der Handelsconfederatioun CLC:

"Mir sinn natierlech awer weiderhin an enger Inflatiounsphas, wou d'Präisser méi deier ginn. Dann wäert den 1 Prozent[punkt] TVA lo net dofir suergen, datt lo onbedéngt iwwerall alles méi bëlleg gëtt. Mee e wäert awer dofir suergen, datt et net sou séier klëmmt."

Liewensmëttel sinn net betraff

Derbäi kommen nach eng Rei aner Facteuren, déi de Präis beaflossen. Sou zum Beispill d'Hausse vum Mindestloun oder d'Energiepräisser. Dofir kann et gutt sinn, datt d'Präisser an Zukunft souguer nees eropginn.

Den Tom Baumert erënnert och drun, datt a Supermarchéë just ee klengen Deel vun de Wueren och effektiv vun der TVA-Reduktioun betraff ass. Dat, well d'Liewensmëttel jo net dovunner concernéiert sinn. Ee Géigebeispill ass Spuenien, wou d'TVA vu véier Prozent op Liewensmëttel fir een halleft Joer ausser Kraaft trëtt.

Präisënnerscheed affichéieren: Een administrativen Opwand

Clienten, déi hei am Supermarché akafen, kréien déi nei reduzéiert Präisser entweder direkt um Präisschëld affichéiert, oder awer réischt an der Kees an op der Rechnung.

D'CLC huet zesumme mam Konsumenteschutzministère an der Fédération des Artisans een Accord mam Mëttelstandsministère fonnt, fir datt de physeschen Affichage vun de Präisser net muss geännert ginn. Dëst gouf gemaach fir klengen a mëttelstännege Betriber entgéingt ze kommen:

"Da muss een eben och soen, datt dat do fir de Commerce a fir den eenzele Commerçanten awer och ee groussen Opwand ass, een administrativen Opwand. Wann een 100.000 Schëlder muss änneren, dat ass net näischt. Dat heescht, do sinn awer och Käschten domadder verbonnen, virun allem am Commerce, fir déi do Mesure dann och richteg ëmzesetzen."

Iwwerdeems mécht d'Fédération des Artisans dorop opmierksam, datt bei Handwierksaarbechten den Datum vum Ausféiere vun der Aarbecht zielt, an net den Datum op den d'Rechnung ausgestallt gëtt. Wann also eng Aarbecht am Joer 2022 gemaach ginn ass, dann zielt weiderhin den Taux vu 17 Prozent, an net de vu 16 Prozent.