Nei Negotiatiounen zu Washington Trump an den NAFTA-Fräihandelsaccord
Den US-President Donald Trump hat NAFTA als dee schlechtsten Accord vun der ganzer Weltgeschicht beschriwwen. Elo wëllen d'USA, Kanada a Mexiko de Fräihandelsaccord nei verhandelen. Eise Korrespondent Philip Crowther mat Informatioune vu Washington.
Mexiko a Kanada hunn Handelsnegociateuren op Washington geschéckt fir e puer Deeg laang iwwert een neie Fräihandelsaccord NAFTA ze verhandelen, 25 Joer nom Ofschloss vum éischten Accord.
Den nordamerikanesche Fräihandelsaccord vun 1994 ass bei engem groussen Deel vun der US-Industrie beléift. Den amerikanesche President Donald Trump a seng Wieler schéngen domat awer net zefridden ze sinn.
"NAFTA, dee schlechtsten Accord"
Am US-Wahlkampf 2016 hat den Donald Trump an den Debatte senger Géigekandidatin Hillary Clinton virgehäit, datt hire Mann, de fréieren US-President Bill Clinton, de Fräihandelsaccord viru 25 Joer ënnerschriwwen hat.
"Eng vun de schlëmmste Saachen, déi eiser Industrie jeemools konnt geschéien. Kuckt Iech New England un, gitt op Ohio, Pennsylvania, egal wou, Madame Clinton. Dir wäert d'Destruktioun gesinn, wou d'Aarbecht an de Fabricken ëm 30, 40 heiansdo 50 Prozent erofgaangen ass. NAFTA ass vläicht dee schlechtsten Handelsaccord, dee jeemools ënnerschriwwe gouf, op jiddwer Fall an eisem Land."
Wéi hien US-President ginn ass, hat den Donald Trump ugekënnegt, hie géing NAFTA op en Enn bréngen. Wéinst Uriff vum kanadesche Premier a vum mexikanesche President wier et awer zu neien Negociatioune komm.
Wahlversprieche gebrach
Den nordamerikanesche Fräihandelsaccord wäert esou séier net verschwannen. An esou wäert den Trump eent vu senge Wahlversprieche briechen. Trotzdem huet hie sech dës Woch mat folgende Wieder houfreg gewisen:
"Mir negociéieren eis Handelsaccorden nei a maache se besser fir déi amerikanesch Aarbechter. Et ass un der Zäit, dat ze maachen."
Den Trump wëllt een Accord, deen amerikanesch Fabricken nei opliewe léisst an deen den Handelsdefizit mat Mexiko reduzéiert.
D'Verhandlunge fir deen neien NAFTA-Accord zu Washington sinn op e puer Deeg ugesat. Et gëtt awer ugeholl, datt d'Negociatiounen op d'mannst e puer Méint laang wäerten daueren.