Supreme Court Trump iwwerhëlt d'Kontroll vum héchste Geriicht an den USA

Mam annoncéierte Récktrëtt vum Riichter Anthony Kennedy Enn Juli, gëtt eng Plaz am amerikanesche Supreme Court fräi. Den US-President Donald Trump kann elo säi Remplaçant nominéieren. En Dram fir all konservativ Republikaner gëtt esou zu enger Realitéit. Eise Washington-Korrespondent Philip Crowther huet dës Auslandschronik geschéckt.

Philip Crowther / cz

Analys Donald Trump
Foto: Picature Alliance / NurPhoto / Cheriss May

Wann et sollt am Joer 2020 zu enger Victoire vum Donald Trump an zu engem zweete Mandat vun him am Wäissen Haus kommen, da muss ee fir e Grond net all ze wäit sichen. Näischt ass fir konservativ Amerikaner méi wichteg wéi den amerikanesche Supreme Court. Dat héchst Geriicht am Land hellt d'Decisiounen an de gréissten Themen, déi Amerika ëmmer méi an zwee splécken.

Et war de Supreme Court, deen homosexuell Hochzäiten zum Beispill knapps offiziell gemaach hat. Et war de Supreme Court, deen d'Victoire vum George W. Bush am Joer 2000 offizialiséiert hat. A bal all de wichtegsten Decisiounen an deene leschte Joerzéngte war de Vott vum Riichter Anthony Kennedy decisiv. Hie war vun engem republikanesche President, dem Ronald Reagan, nominéiert ginn, mee huet net ëmmer mat enger konservativer Stëmm gewielt. An engem ideologesch gespléckte Geriicht goung et fir vill Affekoten drëms de Kennedy ze iwwerzeegen.

Trump kéint dat héchst Geriicht ideologesch méi no riets drécken

Mat sengem Depart Enn Juli gëtt also eng Plaz fräi. An den Donald Trump huet d'Muecht fir säi Successeur ze nominéieren. Eng Lëscht huet hie schonn. Et si gréisstendeels staark konservativ Riichter, déi zum Beispill géint d'Ofdreiwung a géint dem Obama seng Gesondheetsreform géife stëmmen, wa si da sollten d'Méiglechkeet kréien.

Den Donald Trump huet d'Chance, dat héchst Geriicht am Land nei ze definéieren, an ideologesch kloer no riets ze drécken. Et gëtt dacks geschwat iwwer engem President säin Impakt op d'Land. Nei Riichter ze nominéieren ass eng Aart a Weis fir den Trump, an d'Geschichtsbicher ageschriwwen ze ginn.

Trump kéint seng Legitimatioun ënner de Republikaner stäerken

Wann d'Fro déi nächste Kéier opkënnt, firwat den Trump esou beléift ass bei senge Supporter a firwat net méi Republikaner hie kritiséieren, dann ass d'Äntwert elo nach méi kloer. E Geriicht, dat méiglecherweis Joerzéngte laang konservativ wäert stëmmen ass derwäert, och fir déi Republikaner, déi sech theoretesch vum amerikanesche President senge Wierder, sengem Toun, a sengen Aktioune wëllen distanzéieren. Mam Remplaçant vum Anthony Kennedy kënnt schonn deen zweete Riichter vum Supreme Court vun enger Lëscht vum Donald Trump. Seng Kandidate wäerten Amerika a seng Gesetzer nei definéieren.

An der Mediathéik:

Chronik / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

Philip Crowther Analys
Immigratiounspolitik

An nëmme sechs Woche goufen op der Grenz tëscht Mexiko an den USA bal 2.000 Kanner vun hiren Eltere getrennt, an a provisoresch Heemer geschéckt. Dem Donald Trump seng Politik kéint zum Skandal ginn.

Natalie Prass
Album vun der Woch

Lëftege Pop à la Janet Jackson op där enger Säit. Op der anerer Säit eng Sammlung vu politesch engagéierten Texter. Dat kléngt schwéier virstellbar, mä sou kléngt dem Nathalie Prass säin neien Album.

Philip Crowther Analys
Auslandschronik

An den USA gëtt et keng kloer Aussoen zum Thema vun der Gëftgasattack a Syrien. Tëscht Twitter-Messagen an den offizielle Messagen aus der Regierung ass vill Sputt.

Den US-President Donald Trump ass zeréck zu Washington nodeems hien Ouschtere mat senger Famill an am Golf-Club a Florida verbruecht huet. E rouege Weekend, wier et do net zu enger Rei Deklaratioune vum US-President zum Thema Immigratioun komm...

De Philip Crowther huet eis de Korrespondenz vu Washington geschéckt.

Donald Trump Analys
USA

An der Enquête ëm Verbindunge vum Donald Trump mat der russescher Regierung ass de Michael Flynn e wichtege Bestanddeel. Hie kéint den Trump a Gefor bréngen. Wann deen et net selwer via Twitter mécht.

D'Länner vum NAFTA Fräihandelsofkommen
Nei Negotiatiounen zu Washington

Den US-President Donald Trump hat NAFTA als dee schlechtsten Accord vun der ganzer Weltgeschicht beschriwwen. Elo verhandelen zu Washington d'USA, Kanada a Mexiko den Accord nei.

Den Donald Trump a seng Fra Melania kommen zu Hamburg um Fluchhafen un Analys
Wirtschaft

Zu Hamburg ass de G20-Sommet. Et ass dem Donald Trump seng zweet Auslandsrees. Ee vu senge grousse Rendez-vousen ass dee mam russesche President Vladimir Putin. Wat sinn déi amerikanesch Perspektiven?

WASHINGTON - CIRCA 2012 - Smithsonian National Air and Space Museum display of flight test version of the Tomahawk, a U.S. Navy long-range, subsonic cruise missile capable of being launched from surface ships and submarines.  General Dynamics built this m
US-Aussepolitik

Den Donald Trump wëll Stäerkt weisen an huet elo - mat senger Interventioun géint de syresche Regime vum Bashar al-Assad - säin éischte Krich als amerikanesche President.

Michel Delage Kommentar
Populismus

Ass "Populismus" a Wierklechkeet net alles, wat net strikt dem politesch-wirtschaftleche Konsens entsprécht? Fir Kritiker gëtt d'Loft ëmmer méi dënn, mengt de Michel Delage.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen