US-Walen Trump vs Biden: Éischt Tëleesdebatt
Fënnef Wochen virun der Presidentschaftswal an den USA, hunn de President Donald Trump a säin Erausfuerderer Joe Biden sech am éischten Tëleesdebat en hëtzegen Echange geliwwert.
Si sinn hënt ënner anerem bei der Diskussioun iwwer Covid-Pandemie unenee geroden - den Donald Trump huet hei betount et géif geschwënn e Vaccin fonnt ginn, wärend den Joe Biden hien als Ligener bezeechent huet.
Wärend der ganzer Debatt vun annerhallwer Stonn, si Biden an Trump sech hënt ëmmer nees an d'Wuert gefall. Dobäi koum et och zu ville perséinlechen Attacken: Zum Beispill, wéi den Joe Biden ernimmt huet, datt säi Jong Bo Biden, den 2015 gestuerwen ass, fir d'Arméi am Irak am Asaz war. Den Donald Trump huet doropshin en anere vum Biden senge Jongen attackéiert, den Hunter Biden.
Analyste beschreiwen den Debat als "chaotesch", a gesi kee klore Gewënner vun dësem éischten Echange. Et sinn nach zwee weider Tëleesdebatten am Virfeld vun de Wale geplangt.