Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Turbulent Zäite bei déi gréng

Joresréckbléck

Turbulent Zäite bei déi gréng

Si wier net rosen, wann dat Joer hei eriwwer ass, seet déi gréng Partei-Co-Presidentin Djuna Bernard. Et wier en intensiivt Joer gewiescht, sécher net dat einfachst fir unzefänken - weder als jonk Deputéiert an als nei Parteicheffin. Dat war natierlech eng Uspillung op déi verschidde schwiereg Momenter, mat deenen déi gréng dëst Joer konfrontéiert waren.

auto_stories

5 min


D'Djuna Bernard am Interviewplay_arrow


Datebanke bei Police a Justiz, Häerzinfarkt vum Felix Braz, an d'Affär Traversini, aus där d'Djuna Bernard d'Lektioun zitt, datt déi gréng sech nees méi intensiv mat Deontologie an Transparenz soll auserneesetzen. D'Djuna Bernard ass net onglécklech, wann dat Joer hei eriwwer ass. Si hätt an deem Joer vill Erfarunge gesammelt a si géif sech freeë fir dat nächst Joer "konstruktiv ze starten".

D'Deputéiert Djuna Bernard verteidegt d'Klima-Mesurë vun der blo-rout-grénger Koalitioun a lueft se souguer. Lëtzebuerg hätt eng Virreiderroll ageholl vun där "aner Länner sech kéinten eng Scheif ofschneiden, sou déi gréng Partei-Co-Presidentin.

"Natierlech ass et e Kompromëss, dat ass ganz kloer. Et muss een d'Leit mathuelen, et muss ee sozial Mesuren ubidden. Mee dat wat mir hei hunn, ass definitiv näischt, fir dat mir eis brauchen ze verstoppen. Dat ass e ganz ambitiéist Resultat, an ech si perséinlech als gréng Parteipresidentin méi wéi zefridden domat."

Réckbléck op en turbulent Joer fir déi gréng

"Déi gréng Partei ass momentan an enger Kris, dat ass ganz kloer. Et soll een dat net schéirieden, et soll een net soen, mir géifen dat alles elo do maachen, an dat géif spuerlos un eis laanscht goen. Dat ass net de Fall. Mir kommen awer aus där Kris eraus. Ech sinn dovun iwwerzeegt, mir wäerte kämpfen, a mir wäerten dat heiten och alles intern diskutéieren. Mee mir sinn de Moment an enger Kris, an dat soll een och esou soen."

De gréngen Transport- a Verdeedegungsminister François Bausch seet et am September hei op der Antenn, wéi et ass. déi gréng goufen dëst Joer ferm gerëselt.

Am Abrëll gouf bekannt, datt et bei Police a Justiz Datebanke ginn, an deenen Informatiounen iwwer Lëtzebuerger Residente gespäichert ginn. Fir déi Fichiere gëtt et bis ewell awer keng konkret legal Basis an et war och net kloer, op den Dateschutz, d'Protektioun vun der Privatsphär bei der Notzung dovunner respektéiert géif ginn. D'Kritik war dann och grouss um Verteidegungsminister Bausch an dem Justizminister a grénge Parteikolleeg Felix Braz, well si an där Affär net fréi an net transparent genuch kommunizéiert hätten.

Am August war et dunn e weider Schock fir déi gréng. Wärend senger Vakanz hat de Felix Braz en Häerzinfarkt. Hie gouf an der Belsch hospitaliséiert a koum op d'Intensivstatioun. Enn September gouf bekannt, datt hie géif an der Regierung ersat ginn.

Gaardenhaischen-Affär

De François Bausch gouf neie Vizepremier. De Justizministère ass un d'Sam Tanson gaangen an den Henri Kox huet hire Logementsministère iwwerholl an domat ee vun de schwieregsten Dossiere fir dës Regierung.

Den Zweetgewielten op der grénger Lëscht, Roberto Traversini koum fir e Posten an der Regierung deen Ament schonn net méi a Fro. No der Summervakanz gouf hien nämlech selwer an e Skandal verwéckelt. Den Déifferdenger Buergermeeschter an Deputéierten hat Aarbechten u sengem Gaardenhaischen an der Natura2000-Zon Prënzebierg zu Déifferdeng maache gelooss, ouni déi néideg Autorisatioun dofir ze hunn. Hien hat dofir och Gemengenzerwisser fir sech schaffe gelooss. De Parquet gouf ageschalt an et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet. De Roberto Traversini huet als Konsequenz säin Hutt als Buergermeeschter ofgedoen.


De Réckbléck iwwer en turbulent Joer fir déi gréng, vum Paule Rodesch:

Lauschterenplay_arrow


Kuerz drop huet de Roberto Traversini dunn och säi Mandat an der Chamber opginn. Domat war d'Affär awer net gedoen, well an Tëschtenzäit stoung och d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an der Kritik. Déi nodréiglech Geneemegung, déi si hirem Parteikolleeg ausgestallt hat fir d'Aarbechten um Haischen auszeféieren, huet méiglecherweis keng legal Basis. Och hei enquêtéiert de Parquet. D'Oppositioun hat och de Virworf vu Favoritismus vun der Ëmweltministesch géintiwwer dem Roberto Traversini geäussert, well hien déi Autorisatioun immens séier kritt hätt. D'Carole Dieschbourg huet sech ufanks Oktober géint déi Reprochë gewiert.

D'Verjéngungkuer ka weidergoen

D'Loyalitéit vun hire Koalitiounspartner schéngen déi gréng, trotz allem awer weider ze hunn. Verschidde Membere vun der CSV haten an der Suite vun der Gaardenhaischen-Affär d'Geleeënheet un den Hoer gepak a souwuel der DP an der LSAP eng Offer gemaach, fir eng Zweeërkoalitioun. Déi goufen awer refuséiert.

D'Regierungskoalitioun gouf also confirméiert. déi gréng sinn amgaang sech nei opzestellen a kucken elo no vir. An der Chamber sinn no den Entwécklunge vun dësem Joer mam Semiray Ahmedova a Chantal Gary zwou jonk Politikerinne fir déi gréng als Deputéiert nogeréckelt. Am Mäerz hat de François Bausch iwwerdeems hei op der Antenn annoncéiert, datt hie bei den nächste Walen net méi wéilt mat an eng Regierung goen. Domat kéint d'Verjéngungskuer bannen der Partei also weidergoen.