Radioen

On air

Notturno  |  Twain - Walking II

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Turbulenzen am griichesche Mediesecteur

Griicheland

Turbulenzen am griichesche Mediesecteur

D'Wirtschaftskris a Griicheland ass och am Mediesecteur ukomm. Verschidden Zeitunge, Radio- an Televisiounssender hu missen zoumaachen. Och déi populärer Dageszeitung Ta Nea struewelt. D'Regierung vum lénke Premier Tsipras seet, de Mediesecteur géif sech gesond schrumpfen. D'Oppositioun kritiséiert, d'Regierung wéilt d'Kontroll iwwer d'Press vergréisseren.

auto_stories

5 min

Schwéier Turbulenzen an der griichescher Medienlandschaft. Déi politesch Turbulenzen si just ee vun de Problemer. En anere sinn d'Abréch vun de Publicitéitsrecetten. Bis 2010 waren déi bei ronn enger Milliard Euro, haut gi se op 200 bis 250 Millioune geschat. Kee Wonner, datt déi meescht griichesche Medien a Gefor sinn.

De Journalist Nick Malkoutzis, Chef vum Englesch-sproochegen Analyseportal "MacroPolis", relativéiert d'Aschätzung, datt d'Faillite vum DOL-Verlaghaus politesch provozéiert ass. D'Banken hätten hir Aarbechtsweis geännert. Engersäits wéinst de ville Kreditter, déi net kéinten zeréckbezuelt ginn. Awer och wéinst auslänneschen Investisseuren, déi duerch d'Rekapitaliséierung erageklomme wieren. Déi géifen och eng aner Manéier ze schaffe mat sech bréngen.

Mediemogulen och grouss an der Wirtschaft

D'Kreditter vu griichesche Medie-Proprietäre leie bei 1,3 Milliarden. Kredit-Kaddoe gi se a Griicheland genannt - well der vill dovun ni gedeckt waren, och net virun der Kris. D'Mensualitéiten bei de Banke goufe mat politesche Gefällegkeeten zeréck bezuelt. D'Regierung huet d'Medie mat Hëllef vun de Banken gestäipt, an d'Medien hunn d'Regierung ënnerstëtzt. E politesch-ekonomesche Selfservice.

Et kann een dovun ausgoen, datt dobäi d'Proprietaire vun de Medien-Haiser dobäi och Geld an hir eegen Täsch gestach hunn. Vun engem Editeur heescht et, datt seng Spillsucht mat staatlech garantéierte Kreditter finanzéiert gi wier. Anscheinend hätt hien direkt vum Casino aus dem zoustännege Minister ugeruff fir, no méi Suen ze froen.

Datt d'Mediemogule gläichzäiteg Energie-Fournisseuren oder Entrepreneuren an domat wichteg Playeren an der griichescher Wirtschaft sinn, mécht d'Situatioun net méi einfach. D'Recht op Informatioun vun de Bierger kéim dobäi ze kuerz, sou de Mediewëssenschaftler Antonis Skamnakis vun der Aristoteles-Universitéit Thessaloniki.

De griichesche Journalismus géif net nom angelsächsegen Dogma vun der Objektivitéit funktionéieren. "Hien ass parteipolitesch motivéiert. D'Entrepreneuren, déi d'Medien besëtzen, verdéngen hiert Geld mat ëffentlechen Opträg." Hir Medie géife si als Drockmëttel gesinn, fir d'Opträg u Land ze zéien, sou de Professer.

Méi héich Mediekreditter

De Kontext mat der aktueller Kris a Griicheland läit op der Hand. Wann d'Verflechtung vun Entreprisen, Banken, Politik a Medien d'Kris net verursaacht huet, da war se op mannst e wichtege Facteur fir hiert Entstoen, sou den Antonis Skamnakis. En Deel vun den griichesche Staatsscholden geet op si zeréck. Bei der Rekapitaliséierung goufen d'Lächer am Bankesecteur mat ëffentleche Suen opgefëllt.

Associéë vun enger vun de véier griichesche Banke wier ee Schëffsbesëtzer gewiescht, deem och eng Rëtsch Medie gehéiert hunn. Näischt hätt hien dovun ofgehale sech bei der Bank Kreditter ze huelen, seet den Antonis Skamnakis. Haut géifen dës ongedeckte Kreditter een Deel vun de Staatsscholden ausmaachen. Viru kuerzem hätte missen d'Pensioune gekierzt ginn, well d'Regierung 250 Milliounen Euro huet misse spueren. D'Mediekreditter géife bei enger Milliard leien.

Partisanejournalismus a Griicheland

Datt am griichesche Mediesecteur muss geraumt ginn ass also kloer. Wéi dat soll geschéien, doriwwer ass ee sech net eens. D'Oppositioun geheit der Regierung vir, datt déi just d'Virzeechen ëmdréine géif an d'Medielandschaft dës Kéier an hirem Interêt gestalte wéilt. Déi ëffentlech Diskussioun zu dem Thema kéint interessant sinn. Awer si ass verzerrt, wéinst dem griichesche Partrisanejournalismus. Analyse kommen ze kuerz, Meenung huet Héichkonjunktur.

D'Diskussioun ëm d'Verdeele vun den Tëlees-Lizenze war deementspriechend komplizéiert. Datt et hei un Uerdnung feelt, ass och a Griicheland onëmstridden. D'Privatsender sinn zanter bal 30 Joer mat provisoreschen Accorden, déi all Joer musse verlängert ginn, op Sendung. Sträit gouf et wéinst dem Virgoe vun der Regierung. Amplaz déi onofhängeg Iwwerwaachungskommissioun fir Medie mam Verdeele vun de Lizenzen z'engagéieren, huet d'Regierung déi Tâche selwer iwwerholl.

Et blouf hir allerdéngs net vill aneres iwwreg. Bei der Iwwerwaachungskommissioun stoungen d'Neiwahlen un. Déi goufe vun der Oppositioun blockéiert, andeems kee vun de proposéierte Kandidaten ugeholl gouf. "Natierlech war et problematesch, datt d'Regierung d'Iwwerwaachungkomissioun iwwergaangen huet", seet de Journalist Nick Malzoutzis. Wee géif soen, datt d'Politiker bis ewell dubiéis agéiert hunn, misst selwer sou transparent wéi méiglech sinn. Ob d'Regierung am eegenen Interesse virgaange wier, oder ob si sech einfach ongeschéckt verhalen hätt wier schwéier ze soen. "An natierlech trëfft een Deel vun der Schold och d'Oppositioun mat hirer Blockad", seet den Nick Malzoutzis.

Versich fir een neie Journalismus

E batteren Nogeschmaach bleift op alle Fall. Vill griichesch Journaliste haten deemools behaapt, de Mediepluralismus an d'Pressefräiheet géifen um Spill stoen. Och Auslandskorrespondenten haten de Virworf ugeholl. Dat wier allerdéngs aus der Loft gegraff, seet den Antonis Skamnakis vun der Universitéit Thessaloniki.

Dee Virworf wier oniwwerluecht, vu Journalisten, déi all déi Joren iwwer eng politesch Agenda bedéngt hätten. Déi gréissten Zensur vum ëffentlechen Dialog wier vun de Medie selwer bedriwwe ginn wier. "D'Medien hunn de Pluralismus geschiedegt", seet den Antonis Skamnakis.

D'Affaire ass nach ëmmer net eriwwer. Dat iewescht griichesch Verwaltungsgeriicht huet de Prozess vum Verdeele vun den Tëleeslizense fir illegal erkläert a réckgängeg gemaacht. Affaire à suivre. Et bleift ze hoffen, datt sech iergendwann de Kontext wäert änneren. Verännerunge wieren ëmmer méiglech, seet de Journalist Nick Malkoutzis. "Si wäert vun de Bierger selwer kommen, déi no neie Modeller am Journalismus sichen." Eng Zeitung, déi huet missen zoumaache, wier vun de Journalisten am Kollektiv nees opgemaach ginn. A si géif gutt lafen. Zanter kuerzem géif et och e Bezuel-Portal fir Journalismus ginn. Dat wier och eppes Neies. Déi Versich géifen de Som fir een neie Journalismus a Griicheland séien.

Dossier vum Dag vum Alkyone Karamanolisplay_arrow